Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Auditte beim Sigi: Problemer mat Mobbing, ontransparent Finanzen an onzefridde Gemengen

Nodeems am Juni zejoert eng Partie Mëssstänn beim Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique opgedeckt goufen, hat de dësen 3 Auditten an Optrag ginn.

D'Resultater vun dëse goufen en Dënschdeg den Owend an enger Reunioun vum Comité virgestallt an hunn do nawell fir schockéiert Gesiichter an d'Demissioun vum laangjärege President Yves Wengler gesuergt. Ënnert anerem gouf d'Gestioun vum Personal analyséiert an d' Mobbingreprochen, déi am Raum stoungen. D'Auditeuren hunn de Begrëff vu "Konflikt op der Aarbecht" benotzt. 40 Prozent vun de Leit soen, si wiere selwer schonn Affer vun esou engem Konflikt gewiescht. Méi wéi all Zweete seet, e wier Zeie vun esou enger Situatioun gewiescht an iwwer 40 Prozent hu sech schonn diskriminéiert gefillt. Méi wéi dräi Véierels vun de Leit soen, d'Kommunikatioun mat der Direktioun wier schlecht, knapp 80 Prozent hu kee Vertrauen an d'Ressources humaines an all Zweete seet, e wier reegelméisseg op der Aarbecht gestresst.

Eng Situatioun déi sech den demissionäre President, den Iechternacher CSV Buergermeeschter Yves Wengler net kann erklären:  "Ech hat ëmmer eng gutt Relatioun mam Personal. Ech ginn och mam Virnumm ugeschwat, et gëtt keng Distanz an ech sinn och quasi op all de Feieren, déi do sinn an dofir sinn ech e bëssen iwwerrascht, datt wann dat esou ass, datt kee mech virdrun abordéiert huet a gesot huet :'Yves ech hunn e Problem, kënne mer eng Kéier schwätzen.'"

D'Gewerkschaften haten allerdéngs schonn zanter méi Laangem op de Problem opmierksam gemaach. Den OGBL hat zum Beispill schonn am September 2021 e Protestpiquet organiséiert op deem en op Mëssstänn opmierksam gemaach huet.

D'Resultater aus deenen aneren zwee Auditten falen dann och net besser aus.
Bei der Analyse vun der Gestion financière kommen d'Auditeuren zur Conclusioun, datt et un d'Transparenz feelt a bei der Analyse iwwert d'Zefriddenheet vun de Clienten, also de Gemengen a Gemengesyndikater kënnt eraus, datt et eng grouss Onzefriddenheet gëtt. Virun allem mat grousse Gemengen hätt de Sigi e fundamentale Problem.

Den Yves Wengler, deen 22 Joer President vum Sigi war, ka sech aktuell net erklären, wéi dat alles méiglech ass: "Dat ass schwéier ze soen, well een et virun allem net gesäit. Et ass extrem komplizéiert dat ze verstoen a wann ee sech dat net erwaart, dann ass dat e gewëssene Schock."

E Rettungsplang soll elo méi aus dem Sigi maachen, wéi en haut ass, huet et geheescht an no der Ouschtervakanz decidéiert sech wien d'Successioun vum Yves Wengler iwwerhëlt.

Et bleift ofzewaarden wéi eng Konsequenzen dës Auditten um Niveau vun der Direktioun kréien. Den Direkter Carlo Gambucci feelt zënter dem Summer op der Schaff. Et heescht hie wier krankgemellt.