E Samschdeg am Nomëtteg haten eng Partie Persoune sech onerlaabt op engem ofgespaarten Terrain an der Rue Anatole France zu Izeg opgehalen.
Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer. Ma wéi d'Persounen de Policeauto gesinn hunn, sinn si fortgefuer. D'Beamten hunn doropshin d'Verfollgung opgeholl.
Dat flüchtegt Gefier ass wärend der Course Poursuite mat 2 anere Gefierer kollidéiert, duerno awer weidergefuer. Bei de Kollisioune gouf kee blesséiert. Kuerz drop konnt de Won schliisslech vun enger zweeter Policepatrull gestoppt ginn.
Am Kader vun der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer vum Won kee Führerschäin hat a seng 3 Matfuerer Droge consomméiert haten.
Géint 22.45 Auer e Samschdeg den Owend ass et dann zu Esch an der Bielesser Strooss zu engem Accident komm. De Chauffer vum accidentéierte Gefier stoung ënner Alkoholafloss. Ausserdeem louch géint hie schonn e provisorescht Fuerverbuet vir. Et gouf eng Plainte gemaach.
Um 5.40 Auer e Sonndeg de Moie war eng Patrull vun der Police um Schlammestee zu Weiler zum Tuer op e Gefier opmierksam ginn. Dëst stoung mat enger oppener Dier op der Säit vun der Strooss. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.