Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aus dem Policebulletin: Alkoholiséiert Persoun a Kläpperei tëscht Motorradsclibb op de Chrëschtmäert

Weider mellt d'Police e puer Abréch an Haiser, Kelleren an Autoen.

Zu Stroossen um Wantermaart huet sech e Samschdeg géint 21 Auer eng alkoholiséiert Persoun esou opfälleg beholl, datt si vu Beamten matgeholl gouf a sech vum Policebüro huet dierften ausschlofen.

E bësse méi spéit war um Chrëschtmaart zu Miersch Membere vu verschiddene Motorradsclibb unenee geroden. Dobäi goufen zwou Persoune méi liicht verwonnt. Direkt e puer Patrulle goufen op d'Plaz geschéckt, fir d'Situatioun ze berouegen an eng Enquête an d'Weeër ze leeden.

Da mellt d'Police, datt zu Kielen, zu Stroossen, zu Gréiwemaacher, zu Greiweldeng an zu Garnech an Haiser agebrach gouf. Zu Ettelbréck hate sech Onéierlecher Zougang zu engem Keller verschaaft an an der Stad goufen Autoen opgebrach.