En Dënschdeg am Nomëtteg haten 2 onbekannten Täter eng Fra an der Rue Michel Rasquin zu Schëffleng beklaut.
Si hate virginn, Donen fir eng karitativ Organisatioun ze sammelen, fir sech esou Zougang zum Haus vun hirem Affer ze verschafen.
Duerno huet ee vun hinnen no engem Glas Waasser gefrot, fir d'Bewunnerin ofzelenken. Wéi d'Fra d'Täter kuerz aus den Ae gelooss huet, fir d'Waasser sichen ze goen, huet ee vun hinnen der Fra hire Portmonni geklaut an ass fortgelaf.
Schonn de 17. September war géint 1.30 Auer moies an en Haus an der Rue Dr August Schumacher zu Munneref agebrach ginn. Den éischten Informatiounen no, sinn d'Täter duerch d'Garage an d'Haus komm an hunn en Auto duerchwullt. Nodeems d'Bewunner si iwwerrascht hunn, si si geflücht.
A béide Fäll huet d'Police eng Enquête an d'Weeër geleet.