Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aus dem Policebulletin: Kläpperei tëscht Membere vu Motorradsbanden um Chrëschtmaart zu Miersch

Weider mellt d'Police e puer Abréch an Haiser, Kelleren an Autoen uechtert d'Land ewéi och eng schwéier alkoholiséiert Persoun um Wantermaart zu Stroossen.

Zu Stroossen ass géint 21 Auer eng staark alkoholiséiert Persoun vum Wantermaart an d'Ausniichterungszell bruecht ginn. Dat nodeems Visiteuren duerch d'Behuelen vun där Persoun gestéiert goufen.

E bësse méi spéit war um Chrëschtmaart zu Miersch Membere vu verschiddene Motorradsbanden unenee geroden. Dobäi goufen zwou Persoune méi liicht verwonnt. Direkt e puer Patrulle goufen op d'Plaz geschéckt, fir d'Situatioun ze berouegen an eng Enquête an d'Weeër ze leeden.
Am Lokalen, mellt d'Police donieft Hausabréch zu Kielen, Stroossen, Gréiwemaacher, Greiweldeng a Garnech. Zu Ettelbréck gouf an e puer Kelleren agebrach an an der Stad sinn Autoen opgebrach ginn.