Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Australian Open: Djokovic wënnt Finall a stellt de Rekord vum Nadal an

Mat der Victoire vun den Australien Open huet de Serb elo 22 Grand-Slam-Tittele gesammelt. Genau esou vill wéi de Spuenier Nadal.

An der Finall vun den Australian Open 2023 huet den Djokovic sengem Géigner Stefanos Tsitsipas aus Griichenland beim 6:3, 7:6 a 7:6 keng Chance gelooss a gewënnt fir déi 10. Kéier zu Melbourne. Domadder deelt hie sech de Rekord vun de Grand-Slam-Tittelen, därer 22, mam Spuenier Rafael Nadal.

Dem Novak Djokovic säi Papp war iwwregens och bei der Final net am Stadion zu Melbourne derbäi. Hien hat fir Fotoe mat pro-russesche Supporter an engem Portrait vum Putin fir Opreegung gesuergt. Den ukraineschen Ambassadeur an Australien hat doropshi gefuerdert, de Srdjan Djokovic misst seng Akkreditatioun ewechgeholl kréien.

Fir d'Organisateuren hätt de Serb awer roueg kënnen an de Stadion kommen. Hien hat allerdéngs och schonn d'Halleffinall op Distanz suivéiert.