Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aviatiouns-Tripartite um Méindeg: Manifestatioun vum Glacis bis bei de Mobilitéitsministère

National - Aviatiouns-Tripartite um Méindeg
RTL

© Domingos Oliveira / RTL

Déi aktuell Situatioun bei der Luxair, d'Aarbechtskonditiounen an och de Personal-Manktem. Dorëmmer geet et um Méindeg an der Aviatiouns-Tripartite.

Ënnert anerem gëtt jo kritiséiert, datt d'Personal vill ze vill Aarbecht hätt, an datt eng enorm Flexibilitéit géif gefuerdert ginn. Iwwer Paie wäert haut net diskutéiert ginn, wéi de Mobilitéitsminister Bausch schonn am Virfeld erkläert huet.

OGBL, LCGB an NGL-Snep organiséieren am Kader vun de Gespréicher haut, och eng Manifestatioun.
Um 8.15 Auer de Moie geet et am Cortège vum Glacis, iwwert d’Rout Bréck bis bei de Mobilitéitsministère am Héichhaus. Dat kéint dann och zu Perturbatiounen am Moiestrafic féieren.