National - Aviatiounstripartite um Méindeg
Déi aktuell Situatioun bei der Luxair, d'Aarbechtskonditiounen an och de Personal-Manktem. Dorëmmer geet et um Méindeg an der Aviatiounstripartite.
Ënnert anerem gëtt jo kritiséiert, datt d'Personal vill ze vill Aarbecht hätt, an datt eng enorm Flexibilitéit géif gefuerdert ginn. Iwwer Paie wäert haut net diskutéiert ginn, wéi de Mobilitéitsminister Bausch schonn am Virfeld erkläert huet.
OGBL, LCGB an NGL-Snep organiséieren am Kader vun de Gespréicher haut, och eng Manifestatioun.
Um 8.15 Auer de Moie geet et am Cortège vum Glacis, iwwert d’Rout Bréck bis bei de Mobilitéitsministère am Héichhaus. Dat kéint dann och zu Perturbatiounen am Moiestrafic féieren.