Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 1. Oktober - Paulette Lenert: Eise Konsum ass net nohalteg

Aus dem Gespréich mam Paulette Lenert héiert ee raus, datt Lëtzebuerg an hiren Ae sech muss änneren.

Wat de Konsum ugeet, mee och am Sozialen, bei de Steieren an an der Gesondheetspolitik.

D’aktuell Energiekris an d’Klimakris géinge weisen, datt en Ëmdenken am Konsum misst kommen. Am Zesummenhang mat der aktueller Energiekris huet d’Paulette Lenert, Vizepremier fir d’LSAP sech um Samschdeg op RTL dofir staark gemaach. Si sot si wier net optimistesch, datt een den aktuelle Konsum eleng mat erneierbaren Energien kéint opfänken, dowéinst misst den aktuelle Liewensstil hannerfrot ginn. Als Gesondheetsministesch hätt si och festgestallt, ewéi den aktuelle Konsum iwwregens och "krank" mécht.

D’politesch Decisioune fir déi néideg Ännerungen a Saache Konsum wieren der Paulette Lenert op der Tripartite net verluecht ginn. Se wieren "iwwerspillt" duerch déi aktuell Urgence, fir de Leit an de Betriber kuerzfristeg ze hëllefen. Op d’Kritik, d’Bremsen op d’Energiepräisser wieren net sozial selektiv a se géingen den Ureiz fir ze spueren ewechhuelen, huet d’LSAP-Politikerin geäntwert: Fir d'Inflatioun ofzebremsen, hätt ee misse breet an ondifferenzéiert op d'Präisser agoen. Well een et awer net just mat héije Präisser ze dinn huet, mee och mat méiglechen Enkpäss, géing och den allgemengen Opruff gëlle fir ze spueren. Géing dat net duergoen, misst een aner Mesuren ergräifen.

Steiermesuren nach bis d’Walen

Wat d’Schéier tëscht Aarm a Räich ugeet, jo déi géing och zu Lëtzebuerg weider ausernee goen. Dowéinst missten dem Paulette Lenert no méi Wunnenge gebaut ginn an d'Präisser missten erof goen. Donieft misst weider un enger Steierreform geschafft ginn. Am Géigesaz zu hirem Parteikolleeg Dan Kersch gesäit si kee Blockage vun der DP, well d’Aarbechte géinge virugoen. Am nächste Budgetsprojet, deen dëse Mount deposéiert gëtt, géing eppes fir d’Monoparentaux gemaach ginn an d’Grondssteierreform kéim an d’Endphas. Nom Budget a bis déi nächst Walen huet si och zousätzlech Steiermesuren net ausgeschloss. D’Leit géingen an hiren Aen och ëmmer manner verstoen, datt ganz wéineg Leit ganz vill hunn an et ebe vill einfach wier säi Verméigen ze vergréisseren, wann ee scho vill Verméigen hätt.

Dowéinst wier et d’Flicht vun der Politik fir anzewierken. Fir LSAP wier eng Ierfschaftssteier an direkter Linn iwwregens och keen Tabu, mat der Betounung, datt een do ganz generéis Fräibeträg misst virgesinn, well et normal mënschlech Bestriewung wier, wëllen och eppes opzebauen. Mee d’Tatsaach wier, datt et en Ënnerscheed gëtt wann ee Jonke mat 30 Wunnengen säi Liewen ufänkt oder mat Null. Eng Reform vun der Ierfschaftssteier wier zwar fir d’DP, Zitat Paulette Lenert "keng Prioritéit". Trotzdeem misst een an der aktueller Regierung weider no Gemeinsamkeete sichen.

Ëmdenken och an der Santé néideg

Och am Santessekteur wieren Ännerungen net ze vermeiden, héiert een aus den Äntwerte vun der Gesondheetsministesch eraus. Dat well och zu Lëtzebuerg d’Populatioun méi al gëtt an et gläichzäiteg u Personal feelt. Et wier eng "villschichteg" Aarbecht, fir déi Beruffer attraktiv ze maachen. Als eng wichteg Mesure vum Gesondheetsdësch huet d’Paulette Lenert de Projet genannt, fir eng Gesellschaftsform fir Dokteren ze schafen, mee awer och d’Digitaliséierung.

Den Depart vu 6 Cardiologen aus dem Nordspidol ugeet, huet d’Paulette Lenert bedauert, datt et souwäit kënnt. Et wier een nämlech bei de Verhandlungen iwwert d’Remuneratioun vu Garden an Astreinten op der leschter Ligne droit gewiescht. Si huet deklaréiert, et wier fir si eng Selbstverständlechkeet gewiescht, fir datt Garden an Astreinte remuneréiert ginn. D’Ufuerderungen un d’Spideeler an un d’Doktere wieren nämlech méi grouss ginn an dat wéilt si "eis eppes kaschte loossen, wëssend awer, datt d’Beem net an den Himmel kënne wuessen".

Wat de Covid ugeet, wëll d’Paulette Lenert virsiichteg bleiwen an am Géigesaz zum US President Joe Biden net soen et wier eriwwer. De Ministère géing sech weider preparéiert halen. Fir prett ze sinn, wier eng Impfflicht och en Instrument an hei géing den Avis vum Staatsrot kuerzfristeg virleien. Aktuell kéim di Flicht net a Fro, well d’Verhältnisméissegkeet vun där Mesure net gi wier.

Premier Paulette Lenert ?

D’Paulette Lenert ass och gefrot ginn, ob si sech kéint virstellen an enger Regierung ze sinn, ouni den aktuelle Premier Xavier Bettel an ouni d’DP. Hir Äntwert war, mat wiem ee kann zesummeschaffen géing net vun der Persoun ofhänken, mee vum Inhalt. All d’Parteie géingen och aktuell hir Walprogrammer fir d’nächst Joer preparéieren an da misst een natierlech och kucke wat de Wieler seet.

Op d’Fro, ob si selwer wéilt Premier ginn, huet si geäntwert, si wier net an d’Politik gaange fir Premier ze ginn. Par konter wier et hir eng grouss Éier dat eng Kéier ze ginn.

Background am Gespréich mat der Paulette Lenert

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.