Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 3. Dezember - François Koepp, Michel Lanners a Jennifer Salbrecht: Problemer a Chancen am Horeca-Secteur

E Samschdeg waren de Generalsekretär vun der Horesca, den Direkter vun der Hotelsschoul an eng Kächin eis Invitéeën am Background am Gespréich.

Restauranten, Caféen, Hoteller: si all hunn de Problem, dass se nëmme schwéier oder guer kee Personal méi fannen.

Der Horesca no sinn am Secteur aktuell 2.000 bis zu 3.000 Plazen net besat.

Den akuten Personalmanktem géif et allerdéngs iwwerall an Europa ginn, esou de Generalsekretär vun der Horesca, François Koepp, e Samschdeg de Mëtteg an eiser Emissioun Background.

Wärend der Corona-Pandemie hätte ronn 10 Prozent vun de Leit dem Secteur de Réck gedréint, an nëmmen en Deel wier duerno zeréck komm, huet den Direkter vun der Hotelsschoul Michel Lanners ze bedenke ginn. Dofir huet d'Fro natierlech am Background dominéiert, wéi een deem Problem entgéint wierke kann.

Vill Betriber géifen zum Beispill probéieren d'Aarbechtskonditioune méi attraktiv ze maachen. Ënnert anerem andeems méi a Schichte geschafft gëtt, esou d'Kächin an Enseignante Jennifer Salbrecht. An net méi a sougenannte Coupuren, dat heescht mat Pausen tëscht de Servicer, mat deenen d‘Salariéeën, virop d‘Frontalieren, net vill ufänke kënnen. Effektiv géifen haut just nach 40 Prozent vun de Restaurante mat Coupurë funktionéieren.

De François Koepp huet d'Lëtzebuerger Aarbechtsrecht kritiséiert. A sengen Aen misst et méiglech si méi flexibel a méiglecherweis och méi ze schaffen, wéi 40 Stonnen d'Woch. Et géif Salariéeën am Secteur ginn, déi duerchaus bereet wäre méi ze schaffen, fir hire Mindestloun opzebesseren, mä da wäre se fir sëllege sozial Bäihëllefen net méi eligibel. Dem Generalsekretär vun der Horesca no ass dat e Feeler am System. D'Aarbecht an net d'Näischt-Maache misst belount ginn, esou de François Koepp.

Ee vun deene gréisste Problemer beim Rekrutement am Secteur wier awer, dass et net genuch Wäertschätzung fir dës Beruffer an der Gesellschaft géif ginn. Dofir wieren Evenementer wéi d'Expogast immens wichteg, do waren déi dräi Invitéeë sech am Prinzip eens.

308 Schülerinnen a Schüler sinn aktuell an der Hotelsschoul zu Dikrech ageschriwwen. 100 Dovun liewen der do am Internat. Ronn 80 Leit kréien do pro Joer e Certificat, respektiv en Diplom. Dat geet natierlech net duer, fir déi grouss Penurie am Secteur ze bekämpfen.

Den Direkter vun der EHTL Michel Lanners gesäit d‘Schoul och guer net an der Roll fir de Secteur ze retten. Et wär wichteg jonke Leit Perspektiven ze ginn an och déi positiv Säite vum Beruff ze weisen, esou den Direkter vun der Hotelsschoul.

Op der ganzer Welt wieren d'Länner an d'Richtung gaangen, de Beruff vum Kach méi ze valoriséieren, andeems méi héich Diplomer ugebueden ginn. Dat géif et hei am Land net, huet de Michel Lanners bedauert. Den DAP (Diplome d‘Aptitude professionelle) géif mat dräi Joer Formatioun eng gutt Basis bidden, fir eng Kichen ze geréieren. Am Laf vun enger Karriär sollt et dem Michel Lanners no méiglech sinn, sech weider ze forméieren, respektiv ze spezialiséieren. An déi Fräiheet hätt d'Hotelsschoul aktuell leider net, esou de Michel Lanners.

Hien ass sech allerdéngs mam François Koepp eens ginn, dass d'Horesca d'Initiative iwwerhëlt a beim Educatiounsministère uklappt, dass Spezialisatiounen an der Hotelsschoul ugebueden ginn.

Desaccord awer beim Thema Chancen am Beruff. Den Horesca-Generalsekretär huet an de Virdergrond gestallt, dass och onqualifizéiert Leit am Secteur kënne Karriär maachen. "Vun deem, deen Tellere spullt, zum Chefkach", esou huet de François Koepp betount. Den Direkter vun der Hotelsschoul war net begeeschtert. De Michel Lanners huet den Appell un déi Jonk gemaach, eng Ausbildung unzestriewen.

D"Hotelsschoul ass am Wandel. Dat huet ugefaangen, wéi den Numm gewiesselt huet. Den Alexis Heck steet net méi am Titel. D'Schoul heescht elo École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg. D'Kichen-Infrastruktur bannent der Schoul wär op engem héijen Niveau. Den Direkter Michel Lanners huet awer drop higewisen, dass am Regierungsprogramm eng Renovatioun vum Gebai geplangt war. Dat wär bis ewell nach net geschitt an dat kéint och nach daueren. Déi selwecht administrativ Schwéierfällegkeet huet den Direkter bedauert, wéi iwwer d'Suessemer Schlass rieds goung. Do soll en zweete Campus vun der EHTL entstoen. De Generalsekretär vun der Horesca François Koepp begréisst eng Vergréisserung vun der Hotelsschoul. Senger Meenung no misst och e Gebai an der Stad entstoen. Dem François Koepp seng Iddi ass, d'Schoul esou nach méi nom Besoin vun de Betriber auszeriichten.

D'Iessgewunnecht vun de Leit ännert och zu Lëtzebuerg. Vegetaresch Alternativen op de Kaarte vun de Restaurante sinn erwënscht. An d'Kachen ouni Fleesch a Fësch stéing um Stonneplang vun der Hotelsschoul ganz uewen, huet d'Kächin Jennifer Salbrecht erkläert. Si huet bedauert, dass et a ville Restauranten nach keng kreativ Offer ouni Fleesch géif ginn.

Den François Koepp huet geäntwert, de Secteur wär wuel am Gaangen op déi Demande ze reagéieren.

An der Hotelsschoul gëtt et all Dag e Menü ouni Fleesch a Fësch.

D'Hotelschoul huet e Kachbuch mat vegetaresche Platen erausginn. Et géif nämlech natierlech och drëms goen, dass dat responsabelt a gesond Iesse schmaacht.

RTL

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.