Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 3. Dezember: François Koepp, Michel Lanners an Jennifer Salbrecht

E Samschdeg sinn de Generalsekretär vun der Horesca, den Direkter vun der Hotelsschoul an eng Kächin eis Invitéeën am Background am Gespréich.

Restauranten, Caféen, Hoteller: si all hunn de Problem, dass se nëmme schwéier oder guer kee Personal fannen. Der Horesca no sinn am Secteur aktuell 3.000 Plazen net besat.

U wat läit dat a virop: wat kann een dogéint ënnerhuelen? Wéi eng Roll spillt d'Hotelsschoul zu Dikrech?

Iwwer d'Zukunft vum Secteur, der Hotelsschoul an dem Beruff vum Kach schwätze mir e Samschden an der Emissioun Background am Gespréich mam Generalsekretär vun der Horesca François Koepp, dem Direkter vun der Hotelsschoul Michel Lanners an der Jennifer Salbrecht, déi schonn a ville verschiddene Kiche Beruffserfarung gesammelt huet, an hiert Wëssen elo an der EHTL weidergëtt.

RTL

Background am Gespréich: wéi gewinnt samschdes tëscht 12 an 1 op RTL Radio Lëtzebuerg, op rtl.lu an an eisen Appen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.