Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Background am Gespréich vum 4. Februar - Erna Hennicot, Pierre Lorang an Elisabeth Margue: De Luc Frieden hätt sech geännert

E Samschdeg gouf am RTL-Background, anescht ewéi normalerweis, méi iwwert ewéi mat enger Persoun geschwat.

Nodeems den designéierten CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden kuerzfristeg ofgesot huet, gouf an enger Ronn mat der CSV-Co-Presidentin Elisabeth Margue, der fréierer Ministesch a Partei-Presidentin Erna Hennicot an dem Publizist an CSV-Member Pierre Lorang doriwwer geschwat, wat dëse Comeback fir d'CSV bedeit.

Background am Gespréich mat der Elisabeth Margue, der Erna Hennicot an dem Pierre Lorang

Ugeschwat op dem designéierte Spëtzekandidat säin deels kontroverse Passé, waren d'Invitéeë ware sech eens, datt de Luc Frieden sech misst gewëssermoosse geännert hunn. Si géing dovun ausgoen, datt hie geléiert hätt an net méi dee wier, deen en als Minister war, sou d'Erna Hennicot. Si géing hannert dem designéierte Spëtzekandidat stoen an et respektéieren, datt hien aner Positioune géing opgi fir sech full time der Partei zur Verfügung géing stellen. De Pierre Lorang sot, hien hätt sech nach keng definitiv Meenung zu der Designatioun vum Luc Frieden gemaach. Hien hätt sech an deem Kontext awer gefreet, datt mam Fernand Ernster elo e Patron vun engem Mëttelstandsbetrib President vun der Chambre de commerce ginn ass an de Luc Frieden do ersetzt.
E Samschdeg de Moie wier eng éischt Reunioun iwwert den CSV-Walprogramm gewiescht, sou d'Elisabeth Margue. Si géing et gutt fannen, datt de Luc Frieden elo den Austausch géing sichen an dee Prozess ofwaarde géing iert e fir d'Partei am Detail géing schwätzen.

Wat mussen d'Schwéierpunkte vum CSV-Walprogramm sinn?

De Pierre Lorang huet vu multipelle Krise geschwat, op déi sämtlech Parteie schlecht preparéiert wieren, besonnesch wann et ëm den technologesche Fortschrëtt an ëm de Klima- an Aarteschutz geet. Et géing net duergoen, eng Persoun, den Deputéierte Paul Galles, aktivistesch Stellung zu der Klimakris huelen ze loossen, esou de Pierre Lorang. Dee géing dat gutt maachen, ma et wier en Eenzelkämpfer an d'Partei wier net um Niveau.
D'Elisabeth Margue sot et misst ee pragmatesch sinn an d'Betriber misste beim Klimaschutz méi agebonne ginn. Zum Beispill beim Waasserstoff géing et nach kee Plang ginn. De Staat géing och net mam gudde Beispill virgoen. D'Erna Hennicot huet dofir plädéiert, datt besonnesch an der Landwirtschaft nach méi misst gemaach ginn, fir d'Aarten ze schützen. Et misst een do och bereet sinn, eppes ze afferen.

Verschidde CSV-Fligelen

Um soziale Plang wier d'CSV fir eng Adaptatioun vum Aarbechtsrecht a vum Kollektivgesetz fir d'Aarbechtszäiten ze flexibiliséieren, sot d'Elisabeth Margue. Dat wier besser, wéi d'Aarbechtszäit allgemeng op 36 Stonnen ze reduzéieren. An hiren Ae géing dat och zu méi Stress féieren, well een net genuch qualifizéiert Leit géing fannen. D'fréier Ministesch Erna Hennicot sot, et kéint een och driwwer nodenken de Rentenalter eropsetzen.
De Pierre Lorang sot, et wier remarkabel, datt den CSV-Deputéierte Marc Spautz dës Woch am RTL-Interview ëffentlech unerkannt hätt, datt et ënnerschiddlech Fligelen an der CSV géing ginn. Dat wier laang en Tabu gewiescht.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.