Background am Gespréich vum 9. September - Ben Streff, Carole Hartmann, Chantal Gary, Léon Gloden, Robi Beissel, Daniel Frères
D'Mobilitéit am Osten war e Samschdeg ee vun den Sujeten am Background am Gespréich am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober.
Et géif u gudde Verbindungen tëscht den Uertschaften feelen a Contournementen wieren néideg, huet de Léon Gloden vun der CSV betount an der DP-Ministesch fir d'Groussregioun Corinne Cahen virgeworf, net genuch an der Zesummenaarbecht mat den däitschen Noperen gemaach ze hunn.
Fir de Ben Streff vun der LSAP funktionéiert den ëffentlechen Transport leider nach ëmmer net gutt genuch. Et wiere vill Verbesserungen néideg, fir datt d'Leit éischter mam Bus fueren wéi mam Auto. Dat hunn och d'Carole Hartmann vun der DP an den Daniel Frères vun de Piraten zouginn.
Wat d'Gesondheetsversuergung am Oste vum Land betrëfft, géif et kloer un enger Maison medicale feelen, bedauert den Robi Beissel vun der ADR. D'Chantal Gary vun déi Gréng plädéiert iwwerdeems fir eng Bestandsopnam, fir ze wëssen wou wat genee feelt a gebraucht gëtt.
Et hunn diskutéiert:
Ben Streff (LSAP)
Carole Hartmann (DP)
Chantal Gary (déi Gréng)
Léon Gloden (CSV)
Robi Beissel (ADR)
Daniel Frères (Piraten)
De Background am Gespréich mat Kandidaten aus dem Osten héiert Dir e Samschdeg wéi gewinnt live hei um Radio tëscht 12 an 1.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.