Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bärbelfeier vum CGDIS: Zejoert waren d'Mataarbechter vum CGDIS ronn 70.000 Mol am Asaz

De CGDIS verzeechent tëscht 230 an 250 Asätz pro Dag. De Groussdeel dovunner ass op d'Ambulanzen zeréckzeféieren.

Fir d'éischt Kéier iwwerhaapt gouf en Donneschdeg am Stater Cercle d'Bärbelefeier fir d'Personal vum CGDIS organiséiert. Dem Direkter vum CGDIS Paul Schroeder no wier et eng gutt Geleeënheet, fir déi vergaange Méint eng Kéier Revue passéieren ze loossen. D'Fraen a Männer vum CGDIS haten och dëst Joer vill ze dinn, d'Zuel vun den Asätz läit mat ëm déi 70.000 Interventiounen am Joer op Rekordhéicht. Ma och aner Erausfuerderunge waren Thema um Donneschdegmueren.
Pro Dag verzeechent de CGDIS ëm déi 230 bis 250 Asätz. Dovunner si gutt 80 % op d'Ambulanz zréckzeféieren. Ëmmer méi dacks géing de CGDIS och bei Fäll geruff ginn, déi keen Noutfall am klassesche Sënn wieren, esou de Paul Schroeder.

"Sief et um 112, wa fir déi xte Kéier een urifft a sech opreegt, dass en u kee Generaliste kënnt, sief et beim Ambulancier, deen den xten Asaz am Dag fiert an dann de Patient mam Koffer bei der Hausdier steet fir an d'Klinik gefouert ze ginn. Mir sinn dach keen Taxi, kann déi Persoun da scho mol ze héiere kréien. Sou kënnt et eben dass de CGDIS muss asprangen, fir Enkpäss oder Indisponibilitéiten am sozialen oder sanitäre Beräich ze kompenséieren."

Virun dësem Hannergrond wéilt een deemnächst eng Sensibiliséierungscampagne lancéieren, fir d'Leit opzeklären wéini een eng Ambulanz ruffe sollt a wéini net. Iwwerdeems soll awer och dat eegent Personal geschoult ginn, fir kënnen optimal mat sou Situatiounen ëmzegoen.

Eng weider Erausfuerderung wier, dass d'Personal deels onzefridde wier. Dëst wier, well zënter der Reform am Joer 2018 d'Mataarbechter a verschiddene Karriären agestallt gi wieren-

"Sou kënnt et, dass mer haut beim CGDIS eng Rei Leit schaffen hunn, déi net vun deenen nämmlechte Konditioune profitéiere kënnen, wéi hir Aarbechtskolleegen an domat, obwuel se déi nämmlecht Aarbecht verriichten, net déi nämmlecht Konditiounen hunn. Verschidde Leit sinn an der Evolutioun vun hirer Karriär blockéiert. Mir stelle fest, dass eng spezifesch Karriär zum Beispill vun engem Pompjee-Infirmier feelt an déi generell Konditioune fir d'Personnel de Santé beim Staat, der Situatioun beim CGDIS net genuch Rechnung droen."

Dowéinst géing een och ënner anerem mat Gewerkschaftsvertrieder am Kontakt stoen. Aktuell si ganzer 3.867 Fräiwëlleger a 620 Beruffspompjeeën fir de CGDIS am Asaz.

All 6 Minutten huet sech also dëst Joer hei zu Lëtzebuerg eng Equipe vum CGDIS op en Asaz gemaach. Verbonnen domat sinn fir d'Fraen a Männer an de Gefierer Stress an Uspanung.

En effikasst Rettungswiesen, vu Pompjeeë, iwwer Sauvetage bis Ambulanz, ass ''keen Nice to have'' sou d'Inneministesch Taina Bofferding de Moien op där iwwerhaapt éischter Bäerbels-Feier vum CGDIS. An den Objektiv bleift: egal wou am Land banne manner wéi 15 Minutten kennen z'intervenéieren.

Gutt 4 Joer sinn et hier, datt net ouni Geknouters, de CGDIS gebuer gouf. Zanterhier hätten Evenementer wéi den Tornado, d'Iwwerschwemmungen oder och d'Arrivée vun de Flüchtlingen aus der Ukrain et gewisen: Déi Reform wär noutwendeg gewiescht.

''Wat mer déi lescht Zäit erlieft hunn, ware Situatiounen, déi mer vun der Tëlee kannt hunn. Aus dem Ausland, ganz wäit ewech. Déi sinn hei zu Lëtzebuerg ukomm'', sou de Premier Xavier Bettel.

Fir d'Leit am Land besser z'alertéieren, z'informéieren, gouf en neie System ausgeschafft, deen d'nächst Woch der Ëffentlechkeet presentéiert soll ginn, sou d'Inneministesch Taina Bofferding.

Tëscht 2019 a 2025 soll de Budget vun 105 op 179 Milliounen Euro, ëm 70% wuessen. Zu Miersch ass de grousse Logistik-Zenter geplangt. Dobäi kommen nei Asazzenter um Fridhaff an zu Klierf. Am Süden ginn et Pläng fir nei Zenter zu Diddeleng-Beetebuerg, Esch-Schëffleng a Péiteng-Käerjeng, déi net séier genuch vum Fléck kommen.