Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basket-EM: Däitschland iwwerrascht Griichenland an trëfft an Halleffinall op Spuenien

En Dënschdeg goufen op der Basket-Europameeschterschaft déi zwou éischt Véierelsfinalle gespillt.

Dobäi konnt sech Däitschland e bëssen iwwerraschend géint de Favorit Griichenland duerchsetzen, dat mat 107 op 96. Nodeem eis Noperen den éischte Quarter knapp 31:27 gewanne konnten, hunn d'Griichen de Match virun der Paus gedréint, et stoung fir den Téi 61:57 fir de Favorit. Ma am drëtte Véierel huet d'Däitschland richteg dominéier a sech hei e gréissere Virsprong vun 12 Punkten erausgespillt. De leschte Véierel hunn dunn d'Griiche knapp 25:24 gewonnen, wat awer net duergaangen ass, fir déi schwaach Leeschtung aus dem drëtte Véierel nees opzehuelen.

Virdrun hat Spuenien et mat Finnland ze di kritt. D'Finnen haten den éischte Véierel nach kloer mat 30:19 fir sech entscheet, ma dono hunn d'Spuenier vu Quarter zu Quarter weider opgeholl. An der Paus hate si de Retard op 9 Punkte verkierzt an direkt am Véierel dono hu si de Match gedréint a sech en Avantage vu 6 Punkten, 73:67, erausgespillt. Och de leschte Véierel hunn d'Spuenier gewonnen a sech esou mat engem Schlussresultat vun 100 op 90 fir d'Halleffinall qualifizéiert.

E Mëttwoch da spillen d'Fransousen nach géint Italien, dat um 17.15 Auer an um 20.30 Auer treffen d'Slowenen op d'Polen. D'Halleffinalle ginn e Freideg gespillt, d'Finall ass dann e Sonndeg.