Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basket EuroCup: Royal Castors Braine gewannen och am Retourmatch 115:66 géint Gréngewald

E Mëttwoch den Owend hunn d'Damme vum Gréngewald hire fënnefte Match an der Gruppephas vum EuroCup am Basket gespillt.

Géint d'Royal Castors Braine, de belsche Vice-Champion, gouf et am Allersmatch virun eegenem Public eng 52:76-Néierlag. E Mëttwoch den Owend hunn d'Damme vum Trainer François Manti also missen auswäerts untrieden.

An och dës Kéier hunn d'Dammen aus der Belsch et Gréngewald net einfach gemaach. Direkt schonn am éischte Véierel stoung de belsche Vice-Champion vir. Bis zur Paus konnt Gréngewald de Réckstand net ophuelen a mat 53:36 fir Castors Braine ass et dunn an d'Paus gaangen.

Och an der zweeter Hallschent vum Match haten et d'Damme vu Gréngewald schwéier, sech duerchzesetzen an um Enn hunn d'Royal Castors Braine mat 115:66 géint d'Lëtzebuergerinne gewonnen.

D'Resultater vum Gréngewald am Iwwerbléck