Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basketball-Championnat: Gréngewald iwwerrascht de Basket Esch

De Verfolger T71 Diddeleng konnt vun der Escher Néierlag profitéieren a säi Match géint d'Arantia Fiels wannen.

Am nationale Basketchampionnat war bei den Hären e Sonndeg den 19. Spilldag.

De BBC Gréngewald-Hueschtert konnt sech hei iwwerraschend mat géint de Basket Esch behaapten. Schonn am éischte Véierel hat d'Lokalekipp vum Gréngewald viru ronn 150 Spectateuren d'Iwwerhand, dat och well eng schwaach Escher Ekipp nëmmen op 12 Punkte komm ass. Am zweete Véierel hunn d'Haushären dann eng Schëpp dropgeluecht a mat staarken 30 Punkten d'Féierung weider ausgebaut. E groussen Deel dozou bäigedroen huet virun allem och den Ted Schleimer mat véier erfollegräichen Dräier. Zwar ass et de Gäscht vun Esch duerch e staarke leschte Véierel nach eemol gelongen méi no erunzekommen, um Enn sollt et awer net méi duergoe fir d'Partie nach ze dréinen.

Den Tabellenzweeten T71 Diddeleng huet da mat enger -Victoire géint d'Arantia Fiels gewonnen an de Punkteverloscht vun den Escher fir sech genotzt.

An de weidere Partië vum Owend ass et nach eng -Defaite fir Hiefenech géint d'Amicale Steesel ginn, Zolwer konnt sech mat zu Conter behaapten an d'Residence Walfer huet mat géint de Sparta Bartreng de Kierzere gezunn. De Match tëscht de Musel Pikes an der Etzella gouf verluecht.

Resultater Hären