Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bausecteur: Faillitten um Bau: De Fall Cenaro

Zejoert goufen am leschten Trimester souvill Faillitte geschwat wéi nach ni. Och wa generell gekuckt 2022 liicht manner Betriber dovu concernéiert waren.

Am stäerkste betraff ass de Konstruktiounssecteur mat méi wéi engem Drëttel vun den Aarbechtsplazen, déi an dem Beräich ofgebaut goufen. Wat heescht dat fir 2023? An wat huet et mam Fall vum Immobiliëgrupp Cenaro op sech? D‘Vente fir nei Konstruktioune si quasi op Null an d‘Käschten explodéieren. Um Lëtzebuerger Bau dréint et net méi. Musse mer also elo mat nach méi Faillitten rechnen?

De Jean-Luc De Matteis vum OGBL: „De Bausecteur ass e Secteur, wou oft Faillitte stattfannen, scho jorelaang. Et ass awer och e Secteur, wou ganz vill nei Betriber opgemaach ginn. Dat heescht, et ass awer ganz vill Aktivitéit an déi Faillitten, déi mer haten, dat war ni wéinst engem Manktem un Aarbecht. Et waren éischter Problemer mat der Gestioun an aner Problemer. Mee am Fong waren et och Betriber, déi voll Carneten haten an iergendwann net méi erauskomm sinn.“

Rezent gouf et elo de Fall vum Cenaro-Grupp iwwer den d‘Online-Plattform Reporter schonn e puer mol geschriwwen huet. D'Faillitte vum Immobiliëpromoteur gouf dës Woch virum Handelsgeriicht geschwat. Eng 100 Famillje wieren concernéiert, déi ëmmer nees hir Tranchen bezuelt hunn, ma d‘Haiser sinn och haut nach deels am Réibau.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz huet ronn 15 Dossieren iwwer Cenaro op.

D‘Juristin Audrey Masquelier erkläert: „Déi sinn awer net all wéinst der Faillitte opgaangen. Vill Leit hate sech scho virdru gemellt fir méi kleng Froen. Sief et elo wéinst dem Retard oder wéinst Froen, déi wärend dem Projet optauchen. […] An dat wat déi meescht Leit den Ament interesséiert ass am Fong sécher ze sinn, dass hire Projet weidergeet.“

Déi meescht Leit géingen dofir op hir Garantie d‘achèvement setzen. Am Fall vun Cenaro wieren et keng Banken, déi dës Garantie stellen, mee eng Assurance, déi dann muss dofir opkommen, dass eng aner Entreprise engagéiert gëtt, fir mam Chantier virunzefueren.

Ganz allgemeng mécht d‘Juristin vun der ULC awer och een Appell un all d'Leit déi grad um bauen sinn:

„Promoteuren hunn oft d‘Tendenz, wa se a finanziell Schwieregkeeten geroden, dass se Cliente froen, fir deelweis Tranchen ze bezuelen, déi nach net dû sinn, well d‘Tranchen gi jo à fur et à mesure vum Chantier bezuelt. An dann maachen d‘Leit dat och. Also eisen Conseil ass, dass d‘Leit dat solle refuséieren an och kënnen refuséieren. An als Info wollte mer matdeelen, dass et do och penal Sanktiounen gi fir Promoteuren, déi dat maachen.“

Ma esou Faillitten hu méi wéi eng benodeelegt Partie. Den OGBL war kontaktéiert gi vun den Aarbechter vu „Chevallier Construction“, ronn 45 Stéck, déi zanter November net méi vun Cenaro bezuelt goufen, sou de Jean-Luc De Matteis.

„Dat waren jo 2-3 Faillitten, eenzel Deeler. A mir ware vun de Leit kontaktéiert ginn, déi um Bau geschafft hunn. Dat war d‘Entreprise Chevallier. Déi hu mer dann begleet an där Situatioun. Dat heescht Déclaration de créance. Mir hunn hinnen alles erkläert an da gehollef mam Curateur, dass se da sou schnell wéi méiglech gehollef kréien. Well dat sinn nees Leit, déi keng Paie kruten, déi a Schwieregkeete sinn. An da muss ee ganz schnell sinn.“

Reporter.lu hat ugangs der Woch dann och gemellt, et géing elo eng Instruktioun vun der Justiz opgemaach ginn, wéinst Onreegelméissegkeeten am Finanzement vu verschiddene Projete vu Cenaro. Et géif de Verdacht vun enger Fraude bestoen.