Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BCL: D’Zentralbank huet elo 25 Joer

D’Lëtzebuerger Zentralbank feiert hir 25 Joer, um selwechten Dag ewéi d’europäesch Zentralbank zu Frankfurt.

D’BCL gouf den 1. Juni 1998 gegrënnt an den 1. Januar 1999 operationell, well fir den Euro anzeféieren, waren all d’Memberstaate gezwongen, eng Zentralbank ze hunn. U sech dréckt eng Zentralbank d’Suen. Mee déi Haapt-Aufgab vun der Institutioun haut, ass d’Ausféiere vun der Geldpolitik vun der Eurozon hei am Land. An déi Geldpolitik, déi decidéieren all d’Zentralbankcheffe vun den 20 Memberstaate vun der Eurozon zu Frankfurt. Zil vun der Geldpolitik ass Präisstabilitéit, déi aktuell bei no un oder 2% Inflatioun festgeluecht ass. Fir dëst Zil ze erreechen, ass d’Haaptinstrument d’Zënsen. Déi beaflossen nämlech, ewéi vill Kreditter erausginn an deemno och deelweis de Wäert vum Geld. Ganz aner Instrumenter goufen iwwerdeems an Zäiten, wou d'Ekonomie net gutt rullt oder privat Banke wackelen, decidéiert: Hei gouf éischter mat Opkeef vu Scholdschäiner de Krunn opgedréint, fir Kredit an  deemno wirtschaftlech Aktivitéit ze stimuléieren.

D’Gebai vun der Lëtzebuerger Zentralbank ass an der Haaptstad, um Boulevard Royal, um Bord vun der Côte d’Eich: Do, wou d’Banque internationale à Luxembourg, d’BIL bis 1999 war. Effektiv war dëst déi éischt Bank, déi am Grand-Duché  de Privileeg hat, Geld ze drécken. 1998 huet dat geännert a Lëtzebuerg krut eng eegen richteg Zentralbank.

Viru 25 Joer: Eng RTL-Archiv vum 1. Januar 1999

D’Lëtzebuerger Zentralbank feiert hir 25 Joer, um selwechten Dag ewéi d’europäesch Zentralbank zu Frankfurt.

Chef vun der BCL ass zanter 2013 de Gaston Reinesch. Virun him war zanter der Grënnung vun der BCL den Yves Mersch, Gouverneur. Genee ewéi hien huet de Gaston Reinesch ëmmer nees eng niddreg Kapitaliséierung vun der Institutioun beklot. A genee ewéi den Yves Mersch huet hien ëmmer d’Onofhängegkeet vun der BCL betount. (Hei d’ «Passation des pouvoirs»

D’Lëtzebuerger Zentralbank huet zanter 2014 och d’Aufgab, d’Bankeplaz an de Geldëmlaf makroprudenziell z’iwwerwaachen. Ëmmer méi Aarbecht an en ëmmer méi héije Bilan ze geréieren, dat huet och eng gewëss Expansioun erfuerdert. Huet d’BCL ufanks den 2000er Joren eng 200 Leit beschäftegt, sou sinn et der elo 460.

D’Presentatioun vun der BCL viru 6 Joer

De Gaston Reinesch als Invité vun der Redaktioun op RTL