Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Beispilllose Schrëtt: 15 spuenesch Futtballnationalspillerinnen trieden zeréck

Aus Protest géint hiren Trainer Jorge Vilda ass et an der spuenescher Nationalekipp vun den Dammen zu engem Masserécktrëtt komm.

Dem nationale Verband RFEF no hätten en Donneschdeg 15 Spillerinne vum Haaptkader mat änlechen E-Mailen un d'Federatioun hir Demissioun bekannt ginn. Esou laang d'Trainer-Ekipp weider u Bord bleiwe géif, géife si net méi fir Spuenien oplafen. Déi aktuell Situatioun an de Management-Stil vum Vilda géif hiren "emotionalen Zoustand" an hir "Gesondheet" negativ beaflossen.

Dem spuenesche Sender COPE no hunn d'Spillerinne Patri Guijarro, Mapi Leon, Sandra Panos, Aitana Bonmati, Mariona Caldentey, Ona Batlle, Lucia Garcia a Laia Aleixandri demissionéiert. Déi aktuell blesséiert Star-Spillerin Alexia Putellas géif allerdéngs net derzou gehéieren.

De Verband RFEF schéngt bis ewell awer net op d'Fuerderungen anzegoen an huet annoncéiert, d'Ekipp noutfalls mat Jugendspillerinnen opzefëllen, well dës ëmmerhin engagéiert a bereet wieren, fir hiert Land ze spillen. No spueneschem Recht kéint den A-Ekipp-Spillerinnen elo eng Spär vun zwee bis fënnef Joer bléien.