De brittesche Schauspiller ass e Méindeg am Alter vu 90 Joer an engem New Yorker Spidol gestuerwen.
Hie war besonnesch fir seng Roll als Geriichtsmedezinner Dr. Donald "Ducky" Mallard an der Krimi-Serie "Navy CIS" bekannt.
Tweet
David McCallum, who co-starred alongside Robert Vaughn in "The Man from U.N.C.L.E." and then 35 years later found a 2nd co-starring role spending nearly 20 years as Dr. Donald "Ducky" Mallard on NCIS, died this morning at a NY Hospital.
— Kevin D. Grüssing (Pronounced Grew-sing) (@KevDGrussing) September 25, 2023
He was 90.#RIP pic.twitter.com/D4KPghXhrG
Säi Bouf Peter McCallum huet an engem Statement geschriwwen, säi Papp wier vu Wëssenschaft a Kultur begeeschtert gewiescht. E konnt souwuel en Orchester dirigéieren, wéi och eng Autopsie duerchféieren, dank senge joerzéngtelaange Studien fir d'Navy CIS-Roll, heescht et am Noruff.