Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BENU Village Esch: Dat éischt Ökoduerf am Land

Tëscht den Escher Quartiere Grenz a Brill gëtt den Ament dat éischt Ökoduerf zu Lëtzebuerg opgebaut.

Wat ëm 2017 als "verréckt" Iddi a mat der Grënnung vun enger Asbl ugefaangen huet, gëtt antëscht, och duerch vill ëffentlech Suen, méi konkret. Dat gréisstendeels mat gebrauchten an natierleche Materialien. D'Konstruktioun vum BENU Village ass e groussen Challenge, se bitt awer och Perspektiven.
Al Schëffscontaineren, hëlze Konstruktiounen, Dieren a Fënsteren. Och al Ofdichtunge ginn um Bau vum BENU Village re- respektiv upcyclet. "Mir huelen Ales a mir maachen Neies draus", sou de Georges Kieffer, Grënner vum éischte Lëtzebuerger Ökoduerf.

Méi nohalteg geet et kaum. 80 Prozent vum Duerf besteet aus recycelte Materialien. Dat heescht awer net, dass de Recht op konventionellem Wee gebaut gëtt, erkläert de Marc Neu, Patron vun engem Betrib deen op ökologesch Baustoffer spezialiséiert ass a beim Projet matmécht: "Wou mir net kënnen op Ales zeréckgräifen, huele mir konsequent ökologescht Material. Also dees, wat sou mann ewéi méiglech verschafft respektiv preparéiert ass. Mir huele Leem, Kallek, Stréi, Miscanthus an Hanf also Isolatiounsmaterial."

De Miscanthus spillt eng prominent Roll am BENU-Village.

"Et ass eng vun de wéinege Planzen, déi kënnen an eisen Waasserschutzzonen ugeplanzt ginn. Dat sinn Zonen, déi ausweisen, wéi no se bei enger Quell sinn. Do dierf net méi sou intensiv Landwirtschaft bedriwwe ginn. Do dierf net méi gedüngt a gesprëtzt ginn. Miscanthus ass eng vun de wéinege Planzen, déi domat eens gëtt."

Hir Stiller gi gehäckselt an am Plaz vun Zement mat Kallek vermëscht. "Dee Melange hu mir hei un d'Fassaden ubruecht", erkläert de Marc Neu a gëtt och zou, dass dee géint Keelt net esou gutt isoléiert ewéi de syntheetesche Styropor. Mä Miscanthus a Kallek hätten zesumme vill aner Virdeeler. Virop loossen se sech besser recycléieren. A se isoléiere besser géint Hëtzt. Allerdéngs si se nach laang kee Mainstream. Och wéinst de Gesetzer, confirméiert den Energieminister Claude Turmes:

"Mir musse Miscanthus an Hanf zertifiéieren. Mir mussen och gewësse Fräiheete schafen, fir dass eben esou innovativ Projete méiglech sinn. A Frankräich gëtt et an engem Gesetz d'Recht beim Bau z'experimentéieren. Dat ass eng Iddi, déi mir wichteg ass, an dat musse mir och zu Lëtzebuerg kréien."

De Gros vum Projet BENU Village ass vun der Escher Gemeng a vum Staat finanzéiert, sou de Georges Kieffer: "Ech kann iech de Cumul net nennen, mä natierlech sinn et zanter dem Ufank e puer Milliounen Euro déi hei ëmgesat ginn."

Nieft dem experimentellen Interêt, dierfen d'Bierger sech awer och op eng interessant Plaz, mat ënner anerem engem nohaltegem Restaurant a Kleederbuttek, freeën.

Iwwer déi ganz Panoplie un Iddien a konkrete Projeten kann ee sech um Site benu.lu informéieren. Grad ewéi iwwer d'Ouverturen. Enn d'nächst Joer soll d'Ökoduerf da komplett op sinn.