Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Berlin: Polizisten erwëschen Aarbechtskolleeg beim Kaf vun Drogen

Zu Berlin hu Polizisten an zivil e Mëttwochowend een anere Beamten op frëscher Dot ertappt. Hie war am Gaangen Drogen ze kafen.

Wéi d'Police en Donneschdeg matgedeelt huet, waren d'Beamten am Gaangen en Auto am Quartier Berlin-Mitte z'observéieren, aus deem eng Fra Droge verkaf huet, ier hinnen de 47 Joer ale Mann opgefall war.

Bei enger Persounekontroll koum dunn eraus, datt et sech bei him och ëm ee Policebeamten handelt. Hien huet d'Dot zouginn an de Polizisten e Gefääss mat Kokain iwwerginn. Bei enger Perquisitioun um Verdächtege senger Aarbechtsplaz konnt näischt weider fonnt ginn.

De Beamten erwaarde lo nieft strofrechtlechen och disziplinaresch Konsequenzen. Och géint d'Dealerin gëtt wéinst Drogenhandel ermëttelt.