Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Besëtzer ermëttelt: Police fënnt Rucksak mat Drogen an enger Heck zu Péiteng

RTL

Leschte Freideg gouf der Police zu Péiteng an der Rue des Jardins ee Rucksak mat Droge gemellt, deen an enger Heck verstoppt louch.

D'Police konnt de Besëtzer vum Rucksak ermëttelen. Nieft de 500 Gramm Haschisch, déi am Rucksak waren, hunn d'Beamte bei der Kontroll vum Mann a vu sengem Auto nach emol ronn 200 Gramm Haschisch, eng gréisser Zomm Boergeld an dräi Handye fannen.

D'Drogen, d'Suen an d'Boergeld goufe saiséiert an de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. E Samschdeg de Moie gouf hien dem Untersuchungsriichter virgefouert. Duerno koum hien an Untersuchungshaft op Schraasseg.