Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: D’Jeunesse setzt sech knapp géint Déifferdeng duerch

Um Samschdegnomëtteg ass d’Jeunesse Esch fir den Optakt vum 13. Spilldag vun der BGL Ligue op Déifferdeng getraff.

A sengem éischte Match mat der Jeunesse ass et fir de Pedro Resende viru ronn 800 Spectateuren direkt géint säin ale Club, den FC Déifferdeng 03, gaangen. Et war ee ganz ëmkämpfte Match an op béide Säite goufen et ganz wéineg Aktioune virum Gol. Déi bescht Chance hat den Déifferdenger Brusco no engem Corner, ma de Sommer am Escher Gol huet den 0:1 verhënnert.

An der zweeter Hallschent huet sech de Spectateuren een änlecht Bild gebueden. Déifferdeng hat zwar méi vum Match, ma keng vu béide Formatiounen ass wierklech geféierlech virun de Gol komm. An der 70. Minutt war et dunn den Escher Larrière, deen ee Fräistouss un der Strofraumgrenz erausgeholl huet an de Ball ënnert der Mauer erduerch zum 1:0 am Gol ënnerbrénge konnt. Déifferdeng ass doropshin an enger spannender Schlussphas ëmmer nees geféierlech virun de Gol komm, ma och fir d’Jeunesse sinn ëmmer méi Raim opgaangen. Um Enn sollt et bei der knapper -Victoire fir d’Lokalekipp bleiwen, woumat de Pedro Resende ee gelongent Debut feiere kann.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell