Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Hesper léisst Punkten zu Rouspert hänken, F91 neien Tabelleleader

No der 4:2-Victoire vun Diddeleng zu Käerjeng, huet den F91 d'Tabellespëtzt iwwerholl. Diddeleng profitéiert vum 0:0-Remis tëschent Rouspert an Hesper.

Um Sonndeg huet sech Nidderkuer an enger Partie mat ville Goler mat géint d'Fola duerchgesat. Déi éischt 45 Minutte gounge kloer un de Progrès. De Filet hat mat sengen 2 Goler fir eng däitlech 2:0-Féierung gesuergt. D'Fola koum nom Säitewiessel zréck an de Match an ass duerch Goler vu Correia a Jeridi op 2:2 erukomm. De Progrès huet awer reagéiert a 4 Minutten nom Ausgläich nees den 3:2 duerch den De Almeida markéiert. D'Fola huet alles ginn, fir de Match nach emol auszegläichen, um Enn sollt et awer net méi duergoen.

De Racing huet sech misse mat géint Péiteng geschloe ginn. D'Gäscht waren an der 1. Hallschent kloer iwwerleeën. Den Abreu huet Péiteng an der 11. Minutt mat 1:0 a Féierung geschoss. An der Suite huet den Tekiela fir d'éischt en Eelefmeter verschoss, éier de Stiermer och nach en Abseitsgol markéiert huet. D'Heemekipp konnt zefridde sinn, datt si an der Paus net méi héich hanne louch. Nom Téi ass de Racing besser an de Match komm. Péiteng huet awer weiderhi gutt dogéint gehalen. An der 86. Minutt gouf de Garos vum Racing wéinst enger Noutbrems vum Terrain gesat. Den Tekiela huet säi Feeler aus der 1. Hallschent gutt gemaach an den 2. Eelefmeter erageschoss. Duerch des Victoire iwwerhëlt Péiteng de Racing an der Tabell a steet op der 3. Plaz. D'Fola läit elo um Wupp vum Klassement.

Zu Rouspert gouf et eng Iwwerraschung. D'Lokalekipp huet géint den Tabelleleader Hesper gläich gespillt.  Vun Ufank u stoung Rouspert kompakt an der Ofwier an huet et de Stiermer vun de Gäscht schwéier gemaach, fir de Ball am Filet ënnerzebréngen. Mam 0:0 sinn d'Säite gewiesselt ginn. An der 2. Hallschent huet de Swift offensiv besser gespillt a sech vill Geleeënheeten erausgespillt. D'Gléck war awer net op der Säit vun de Gäscht, soudass et aus Rousperter Siicht beim gléckleche 0:0 bleiwe sollt.

Stroossen huet an engem Match mat wéineg Golchancen géint Monnerech gewonnen. D'Goler hunn de Baillet an der 74. Minutt an de Perez an der Nospillzäit markéiert.

Tëschent Wolz a Munneref gouf et e spektakuläre . An der 84. Minutt war d'Heemekipp nach mat 4:2 am Avantage. An der 86. Minutt an an der Nospillzäit huet de Keita mat 2 Goler de Match nach ausgeglach.

Käerjeng géint Diddeleng mat ënnerleeën. Mann vum Match war de Sinani, deen an der Partie 3 Goler markéiert huet. Zwee dovunner huet de Mëttelfeldspiller an der 1. Hallschent markéiert. Den Etoundi hat fir d'Heemekipp awer verkierzt, soudass d'Säite mat engem 2:1 aus Diddelenger Siicht gewiesselt goufen. An der 2. Hallschent huet de Mago de nächste Gol fir d'Gäscht geschoss, éier de Biagui op 2:3 verkierzt huet. Den ale Virsprong vun 2 Goler huet de Sinani mat engem Eelefmeter nees hiergestallt. Duerch de 4:2-Succès ass den F91 nees Tabelleleader.

Am Tabellekeller ass Ettelbréck duerch eng zu Hueschtert vun der leschter op déi zweetlescht Plaz gesprongen.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell