Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Knapp Victoire fir de Racing géint Ettelbréck

Fir den Optakt vum 12. Spilldag an der BGL Ligue ginn d'Gäscht vum Stater Racing mat 1:0 op Ettelbréck wannen.

Stinn op der Weltmeeschterschaft am Katar déi éischt Aachtelsfinallen um Programm, war et am nationale Futtball-Championnat um Samschdeg den Optakt vum 14. Spilldag an der BGL Ligue. D’Etzella Ettelbréck huet doheem géint de Racing gespillt a Monnerech huet um 18 Auer Besuch vu Käerjeng.

De Racing ass senger Favoritteroll an den Däichwisen dann och gerecht ginn a gewënnt mat . De Gol vum Dag huet de Simon an der 33. Minutt markéiert. Alles an allem eng verdéngte Victoire fir de Stater Racing, hätte si an der Paus mat deem engem oder anere Gol méi héisch a Féierung kéinte leien. Ettelbréck huet iwwert de ganze Match offensiv kaum stattfonnt an huet sech d'Liewen no enger Giel-Rouder Kaart vum Kramaric an der 70. Minutt selwer schwéier gemaach. De Racing leit elo provisoresch op der 3. Plaz an der Tabell, iwwerdeems d'Etzella weider am Tabellekeller steet.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell