Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Stefano Bensi Iwwerhëlt den Trainerposte bei der Escher Fola

Aus dem nationale Futtball ass et e Méindeg d'Nouvelle, datt den Escher Veräin mam Stefano Bensi en neien Trainer fonnt huet.

Wéi am Communiqué vun der Fola ze liesen ass, géing de 34 Joer ale Bensi also d'Relève vum Interimscoach Serge Wolf iwwerhuelen. Déi Escher stinn aktuell op der leschter Tabelleplaz an hunn de Weekend um 13. Spilldag vun der BGL Ligue schonns missen déi 9. Néierlag astiechen.

De Stefano Bensi, deen zanter 2012 als Spiller fir d'Fola aktiv war an dobäi 210 Matcher fir d'Ekipp vum Gaalgebierg gespillt huet, dobäi 97 Goler geschoss huet, huet mam Veldin Muharemovic an dem Serge Wolf zwee Assistenten u senger Säit.

Duerch seng Blessur ass et fir de fréieren Nationalspiller net méi méiglech, nach eng Kéier aktiv um Terrain ze ginn. Bei der Fola ass een iwwerzeegt, datt de Stefano Bensi an dëser Situatioun dee richtege Mann ass.