Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bilan 2022: BIL mat Netto-Resultat vun 153 Milliounen Euro, ee Plus vun 13%

Trotz den ekonomeschen a finanziellen Turbulenze vun de leschte Méint kann d'BIL d'Joer mat engem Netto-Resultat vun 153 Milliounen Euro ofschléissen.

D'Depote vun de Cliente sinn nëmmen ëm kleng 2% op 21 Milliarden geklommen; d'Prêten, déi d'BIL un Cliente gëtt, maache bal 17 Milliarden aus, wat eng minimal Hausse vun 1% ass - bedéngt natierlech, datt aktuell vill manner Immobiliëprête gemaach ginn.

Am offizielle Schreiwes vun der BIL geet Rieds vun enger robuster Performance zejoert an och fir dëst Joer géifen d'Onsécherheete ganz grouss an d'Finanzmäert onstabil bleiwen.

D'BIL seet dann och nach emol kloer an däitlech, datt een net mat Kreditter vis à vis vum Crédit Suisse oder der Silicon Valley Bank engagéiert an exposéiert wier.

Et ass dann och den neie BIL-President Marcel Leyers, deen am offizielle Schreiwes zitéiert gëtt - dat nodeem de Luc Frieden jo virun zwou Woch dës Charge ofginn huet, fir sech ganz op d'Spëtzekandidatur bei der CSV ze fokusséieren.

De Marcel Leyers presidéiert dann och d'Assemblée vun den BIL-Aktionären de 27. Abrëll.

Aktuell schaffen eng 2.000 Leit bei der BIL.