Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bilan vum Autosfestival: "D'Leit déi kommen, wësse wat se wëllen"

Déi 59. Editioun vum Autosfestival koum e Samschden no bal 2 Wochen op en Enn. RTL huet de Bols an zwou Autosgarage gefillt.

An de leschte Joren huet sech beim Autokaf sou munches verännert. Et gi méi Onsécherheeten an et komme manner Leit an d’Verkafshaiser kucken. Trotzdeem ass ee mam Bilan vun de leschte knapp zwou Woche ganz zefridden. De Yves Binsfeld, Gerant vun dem Garage Binsfeld erkläert: "D’Leit déi kommen, kafen och méi dacks. Si hunn sech meeschtens schonn um Internet informéiert, a wëssen deemno genee wat se wëllen". Déi Zäite wou besonnesch Weekends Famillje vun Autosgarage zu Autosgarage gezu sinn, schéngen also definitiv der Vergaangenheet unzegehéieren. Iwwerraschenderweis mécht de Clienten, déi de Wee an d’Autosgarage fannen, da manner de Portefeuille Suergen. "D’Leit hunn hiren Auto ëmmer nach gären. Ech géing mengen, dass se nach op aner Saache verzichten, ier se op hiren Auto verzichten", mengt de Serge Cardoni, Patron vum Garage Cardoni. Fir de Finanzement géing dann de Leasing, besonnesch bei jonke Leit, ëmmer méi beléift ginn. "Et ass fir mech awer eng falsch Thematik", fënnt den Yves Binsfeld. Bei engem normale Finanzement géing den Auto engem gehéieren, an et kéint een domat maachen, wat ee wëllt. Beim Leasing, wier een un e Vertrag gebonnen. Eng grouss Majoritéit vun de Clientë géingen ëmmer nach iwwer déi klassesch Finanzementer fueren, seet och de Serge Cardoni.

Méi stéiere géing d'Clienten heefeg déi laang Waardezäiten. Wat iwweregens de Commerçanten no méi de Grond wier, fir déi staark Baisse vun den Nei-Immatrikulatioune vun de Gefierer an de leschte gutt 2 Joer hei am Land. D'Gefierer géingen net erbäi kommen. D'Waardezäite belafen sech op deels iwwer ee Joer. Déi laang Waardezäite kéinten dann och en Impakt op d’Verkafszuele vun den Elektroautoen hunn. D’Beléiftheet vun dëse bléift zwar ongebrach, ma d’Nofro schéngt net méi grad esou ze explodéieren.  An der Garage Binsfeld ass d’Nofro liicht erofgaangen. An och an der Garage Cardoni bleift de Bensinner ëmmer nach wäit vir am Verkaf.

Fir déi eng Garagiste war et e gudden Autosfestival. Vun aneren héiert een awer, dass een hannert den Erwaardungen zréck bliwwe wier. Et wier eben och besonnesch vun der momentaner Offer ofhängeg, wou et déi potentiell Clientë géing hinzéien, seet de Serge Cardoni. Ob zum Beispill grad en neie Model op de Marché komm ass, op deen d’Clientë gewaart hunn.

Fir Interesséierter, déi bis elo nach net kucke waren, wat et Neits um Marché gëtt, nach eng gutt Nouvelle um Schluss. Vill Garagen halen déi gënschteg Konditioune vum Autosfestival nach e puer Woche bäi.