Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Biller vum Groussbrand zu Dikrech: Feier am Killtuerm vun der Brauerei no annerhallwer Stonn ënner Kontroll

E puer Killtanke wieren duerch d'Feier explodéiert, wat een an Dikrech gutt héieren hätt. D'Rue de la Brasserie war wéinst dem Feier komplett blockéiert.

Am fréie Mëttwoch Nomëtteg gouf et e Groussbrand am Zentrum vun Dikrech bei der Brauerei, déi amgaangen ass, ofgerappt ze ginn. RTL-Informatiounen no gouf et e puer Explosiounen. Hei huet de Killtuerm vum alen Deel vum Gebai gebrannt. Op dëser Plaz wier awer alles schonn zanter laangem ofgeséchert. E puer vun de Killtanke wieren duerch d'Feier explodéiert, wat op verschiddene Plazen an Dikrech gutt ze héiere gewiescht wier.

Betraff wier net, wéi an enger éischter Meldung, den Haapttuerm, deen jo ofgerappt soll ginn, mä den Tuerm mat de Killtanken.

D'Strooss tëscht der Brauerei an dem Lycée gouf wéinst dem Asaz komplett gespaart. De Pompjeeën no gouf et eng grouss Dampentwécklung, well d'Isolatioun brennt. D'Police huet matgedeelt, datt een d'Ekippen op der d'Plaz de Brand géint 15.20 Auer ënner Kontroll haten.

D'Ekippe vum CGDIS sinn net dovunner ausgaangen, datt sech d'Feier op aner Gebaier géif ausbreeden, och hätt keng Gefor fir d'Populatioun bestanen. Et waren eng 30 Pompjeeën am Asaz.

Schonn am Abrëll 2021 hat en anert Gebai vun der Brauerei zu Dikrech gebrannt.

#Verkehrsmeldung
⚠️ Wegen eines Brandes in der rue de la Brasserie in Diekirch sind einige Strassen in der Umgebung für den Verkehr gesperrt.

📌 Feuerwehr sowie Polizei sind vor Ort. Einwohner sollen ihre Türen und Fenster schliessen.

➡️ Vermeiden Sie wenn möglich den Bereich. pic.twitter.com/ClvFLtwoBg

— Police Luxembourg (@PoliceLux) October 5, 2022