Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bis en Dënschdeg den Owend: Leschten Äddi fir d’Queen Elizabeth II. zu Edinburgh

Zenter e Méindeg den Owend hunn d'Leit, eng éischte Kéier nom Doud vun der Queen, d'Méiglechkeet sech virun der Lued vun der Queen ze vernäipen.

Hire Sarg steet den Ament an der St.Giles-Cathedral an der schottescher Haaptstad Edinburgh, an do sinn d'Mënschen déi ganz Nuecht iwwer defiléiert.

Fir emouvant Biller huet eng Traditioun gesuergt, déi 1936 agefouert ginn ass, wéi den Urgrousspapp vun der Queen, de King George de 5ten, begruewe gouf.

Queen zu Edinburgh - E Reportage vum Dany Rasqué

Déi 4 Kanner vun der Queen waren e Méindeg den Owend an der Kathedral, fir Wuecht bei der Doudelued vun hirer Mamm ze halen. De Kinnek Charles a seng Gesëschter d'Prinzessin Anne, de Prënz Andrew an de Prënz Edward hu sech ronderëm d'Lued gestallt, nieft d'Garden, a si mam Réck zum Sarg stoe bliwwen wärend d'Leit sech vernäipt hunn.

RTL

© AFP

Biller, déi een zum Beispill och gesinn huet, wéi d'Queen Mother virun 20 Joer begruewe gouf.

De Kinnek Charles III, dës Kéier am Kilt, d'Prinzessin Anne an hire Brudder Edward a Militäruniform an de Prënz Andrew,op d'mannst fir den Ament, am ziville Kostüm, wéinst senger Verwécklung an de Sexskandal ronderëm den Jeffrey Epstein.

D'Doudelued ass mam Royal Standard zougedeckt, dem offizielle Fändel vum brittesche Kinnekshaus. Uewendrop läit eng ganz besonnesch Kroun,  d'Crown of Scotland, déi bal 500 Joer huet an domadder déi eelste Kroun ass déi et a Groussbritannien gëtt.

Bis en Dënschdeg den Owend um 18 Auer eiser Zäit bleift de Sarg vun der Queen nach an der St.Giles Cathedral stoen an da gëtt en op de Flughafe bruecht, wou eng Stonn drop den Depart ass fir zeréck op London.

Fir eng Nuecht gëtt en dann an de Buckingham Palace bruecht an e Mëttwoch ass den Dag vun der "Operartion Lion". Dat ass de Codenumm fir d'Prëssessioun, mat där de Sarg an de Westminister Palace bruecht gëtt. Brittesch Medie spekuléieren iwweregens den Ament driwwer, datt fir déi Geleeënheet eng Ausnam gemaach kéint ginn an och de Prënz Andrew sech méiglecherweis an der Militäruniform weisen dierf.

RTL

Eng Woch Trauer ëm d'Queen: Dat steet an den nächsten Deeg um Programm