Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bosnien an Herzegowina: Nationaliste ginn den Toun bei de Walen un

D'Walen a Bosnien an Herzegowina si komplizéiert. D'Land ass an dräigedeelt, Nationalismus a Korruptioun maachen de Wee an d'EU schwiereg.

De Korrespondent vun der ARD nennt se "déi komplizéiertste Wale vun der Welt". Zanter e Sonndeg de Moie ginn a Bosnien an Herzegowina an deenen zwee gréisstendeels selbststännege Landesdeeler nei Parlamenter an nei Presidente gewielt.

Dat klengt Land um Balkan leit ënnert de Géigesätz vu senge Volleksgruppen, déi zum Deel hir nationalistesch Parteien ënnerstëtzen. Ronn d'Hallschent vun der Populatioun si muslimesch Bosnier, en Drëttel orthodox Serben a ronn 15 % kathoulesch Kroaten. De serbeschen Deel vum Land wëll sech vu Bosnien splécken.

Mat éischte Resultater gëtt e Sonndeg den Owend virun Hallefnuecht gerechent.