Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Brittescht Geriicht: Immunitéit fir fréiere spuenesche Kinnek bis 2014

De Juan Carlos krut vun engem brittesche Geriicht Immunitéit zougesprach fir d’Jore viru sengem Récktrëtt also bis 2014.

De Juan Carlos kritt vu senger Ex-Maîtresse Belästegung virgeworf, dat vun 2012 bis 2019 also och nach no sengem Récktrëtt. Déi 57 Joer al Fra wërft dem 84 Joer ale fréiere spuenesche Kinnek vir, si och nach nom Enn vun hirer Bezéiung ausspionnéiert an drangsaléiert ze hunn. Dofir fuerdert si Indemnisatiounen. Hirer Ausso no hätt de Juan Carlos si gedränkt, fir Kaddoen am Wäert vu 65 Milliounen Euro zeréckzeginn.

De fréiere Monarch hat d'Geriicht zu London opgefuerdert, fir de Prozess anzestellen. Ma well de Juan Carlos net méi e Monarch oder Staatschef wier, géif hien och net méi an de Genoss vun der Immunitéit kommen, esou d'Geriicht. Dogéint war de Juan Carlos an Appell gaangen a krut elo an deem Verfaren d'Immunitéit bis 2014, wéi hien nach Kinnek war, zougesprach.