Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Brunt-Schelf-Äis: Ofbrieche vun Äisbierg an der Antarktis huet näischt mam Klimawandel ze dinn

Lescht Woch ass an der Antarktis en Äisbierg an der Gréisst vu London ofgebrach. De Prof. Dr. Olivier Francis konnt eis méi dozou zielen.

De Geophysiker vun der Uni Lëtzebuerg fuerscht besonnesch an der Antarktis, wou hie sech ënner anerem mat den Äismasse ronderëm déi belsch Fuerschungsstatioun "Princesse Elisabeth" beschäftegt:

"D'Fro, op déi mir op eng präzis Manéier äntwere wëllen ass: Accumuléiert sech oder schmëlzt d'Äis an de Regioune ronderëm d'Statioun Princesse Elisabeth? Heifir hu mir zwou Satellitte-Statiounen installéiert."

Dës sollen en Abléck doranner ginn, wéi sech d'Äismasse ronderëm d'Fuerschungsstatioun an engem Rayon vun 250 Kilometer entwéckelen a wéi staark den Afloss vum Klimawandel heirobber ass. Wat gouf da bis ewell do festgestallt?

"Mir hunn erausfonnt, datt d'Quantitéit vum Äis an engem gewëssene Perimeter ronderëm d'Statioun Princesse Elisabeth konstant, respektiv liicht geklommen ass. (...) Dës kéint doduerch erkläert ginn, datt duerch d'Äerderwiermung méi grouss Massen u Waasserdamp transportéiert ginn an et doduerch zu méi Nidderschléi a Form vu Schnéi kënnt."

Och wollte mir vum Prof. Dr. Francis wëssen, wat dat rezent Ofbrieche vun dem risegen Äisbierg vum sougenannte Brunt-Schelf-Äis genee bedeit:

"De brittesche Fuerscher no, deenen hir Fuerschungsstatioun sech relativ no um Brunt-Schelf-Äis befënnt, war d'Ofbrieche vum Äis, och "Kaalwen" genannt, en natierleche Prozess, dee surveilléiert an erwaart gouf. Dëst huet keng direkt Relatioun mam Klimawandel."

E Schelf-Äis, dat ass eng grouss Äisplack, déi am Mier schwëmmt a mat Gletscher verbonnen ass. Mam Begrëff "Kaalwen" ass net d'Gebuert vun engem Kallef gemengt, mä an dësem Fall d'Ofbrieche vu gréisseren Äismasse vun engem Gletscher am Mier, wat ëmmer nees mol passéiert.

Den Äisbierg, dee leschten Donneschdeg ofgebrach ass, ass mat ronn 1.550 Quadratkilometer bal sou grouss wéi déi englesch Haaptstad London. Scho viru Joren huet sech säin Ofbriechen a Form vun engem Rass mam Numm "Chasm-1" am Schelf-Äis ofgezeechent, dee mat der Zäit ëmmer méi grouss ginn ass.

Elo soll den Äisbierg weider observéiert ginn an och en Numm kréien.

Och wann de Klimawandel an dësem konkrete Fall keng Roll spillt, leit d'Antarktis un de Folge vun der Äerderwiermung. D'Schmëlze vun den Äismassen, gëtt duerch dës acceleréiert.