Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Budget 23 virgestallt: Escher Conseil mat Vereedegungen a Kamera-Surveillance

Och zu Esch gouf de Budget fir d'nächst Joer presentéiert: Een Zuelepak, deen d'nächst Joer mat engem Iwwerschoss vun engen 816.000 Euro ofschléisst.

Am extraordinäre Budget verbucht d'Stad Esch e Minus vun bal 17 Milliounen. Et ass dann och op en Emprunt vun 125 Millioune virgesinn. Wéi et an der Budgetsried vum Deputé-Maire Georges Mischo geheescht huet, wier de Schäfferot kee Frënd vu Stëllstand a scho guer net vu Réckgang, just op Konsolidatioun ze setzen, wier eng irresponsabel Haltung par rapport zu den Escher Bierger.

D'Joren, ier déi nei Koalitioun zu Esch 2017 un de Pouvoir koum, huet den CSV-Politiker als "trist Verwaltung" bezeechent, duerno wier "d'dynamesch Gestaltung komm".

Sou versteet de Georges Mischo och net Kriticken, déi vu Stëllstand oder dem Enn vun der Sozialpolitik schwätzen - viséiert hei e.a. d'Ex-LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz, där der aktueller Koalitioun an engem Interview d'rout Kaart gewisen hat.

D'demissionnär LSAP-Conseillière Vera Spautz sot iwwerdeems bei der Sëtzung vum Escher Conseil an de Reie vum Public, hir Successioun am Gemengerot iwwerhëlt fir déi nächst puer Méint d'Nelly Fratoni, déi um Mëttwoch vereedegt gouf.

Bei der CSV réckelt de Jacques Muller als Conseiller fir de Luc Theisen no.

Eng aner Annonce am Escher Gemengerot war déi, datt d'Gemeng nom déidleche Feier um Dënschdeg zu Keel 23 sinistréiert Leit ophëlt, déi musse relogéiert ginn an datt iwwer déi nächst Joren am neie Quartier "rout Lëns" eng 300 Wunnenge vun der Gemeng wäerte kaf ginn.

Da gëtt d'Video-Surveillance zu Esch Realitéit: Fir 300.000 Euro gi Kameraen installéiert. Wou muss nach definéiert ginn. Datt d'Plaz ronderëm d'Escher Gare wäert iwwerwaacht ginn, ass ewell sécher.