Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Buergermeeschter Fränk Arndt: LSAP-Spëtzekandidat zu Wolz verdeedegt Decisioun, nach emol unzetrieden

Trotz den Enquêten, déi aktuell lafen, geet de sozialistesche Buergermeeschter a fréieren Deputéierten a senger Gemeng mat an d'Walen.

Eng Woch nodeem d'LSAP Wolz hir Lëscht fir d'Gemengewalen am Juni presentéiert huet, huet den designéierte Spëtzekandidat an aktuelle Buergermeeschter Fränk Arndt op Nofro hi verdeedegt, datt hien nach emol untrëtt.

"Ech si mir kenger Schold bewosst", esou de Buergermeeschter vu Wolz. Och seng Partei géif dat esou gesinn. Et misst een d'Justiz elo hir Aarbecht maache loossen, esou nach de Fränk Arndt.

"Ech si mer kenger Schold bewosst"

D'Annonce vun der Spëtzekandidatur ass duerchaus iwwerraschend komm, nodeems bannent de leschte Méint driwwer spekuléiert gouf, datt den LSAP-Politiker sech aus der Politik kéint zeréckzéien.

Viru ronn zwee Joer war et ënner anerem an der Wëlzer Gemeng zu Perquisitioune komm, well et de Soupçon gouf, datt de Buergermeeschter, grad wéi e Promoteur an eng Baufirma, an eng Affär ëm illegal Bauschuttdeponië verwéckelt kéinte sinn.

Den Dikrecher Parquet enquêtéiert donieft an enger weiderer Affär géint de Fränk Arndt, woubäi et ëm Verstéiss géint d'Naturschutzgesetz geet a wou e private Chalet an der Gemeng Géisdref viséiert ass.

An der Gemeng Wolz, déi 2015 aus der Fusioun tëscht Wolz an Eeschwëller ervirgoung, ass zanter de Walen 2017 eng LSAP-CSV-Koalitioun um Rudder, deem géintiwwer ginn et zwee DP-Conseilleren. Den Ament gesäit et esou aus, wéi wann just d'LSAP, d'DP an d'CSV komplett Lëschte géife presentéieren.