Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bundesliga: Den FC Bayern München ka sech géint Bayer Leverkusen aus der Kris spillen

Beim Optakt vum 8. Spilldag an der Bundesliga huet Bayern München no 3 Gläichspiller an enger Néierlag nees kënne gewannen, an dat géint Leverkusen.

Et huet manner wéi 3 Minutte gedauert, bis d'Bayern konnte mat 1:0 a Féierung goen. No enger gudder Virbereedung vum Musiala huet de Leroy Sané mat engem ofgefälschte Schoss den 1:0 geschoss. An der 17. Minutt huet den Jamal Musiala den 2:0 selwer markéiert, dat no engem Schoss vun hallef riets an de kuerzen Eck. E Ball, deen de Golkipp och hätt hale kënnen. Och um 3. Gol vun de Bayern, war nees de Musiala bedeelegt, déi Kéier awer erëm als Virbereeder. Profitéiert dovun huet de Sadio Mané, deen an der 39. Minutt de Score op 3:0 erhéije konnt. Mat deem Resultat ass et dann och an d'Paus gaangen.

An der 56. Minutt hunn d'Bayern Fans nees gefeiert... ma just fir eng kuerz Zäit, well de 4:0 vum Mané gouf annuléiert, nodeems via Videobeweis e Foul am Virfeld bestätegt gouf.

An der 84. Minutt konnt de Müller dann awer nach de 4:0 markéieren, dat duerch eng frëndlech Ënnerstëtzung vum Bayer-Keeper Hradecky, dee bei enger Pass ausrutscht an dem Müller de Ball um Sëlwer-Tablett presentéiert.

Mat deem 4:0 gouf de Match dann och ofgepaff. München iwwernuecht op Plaz 2 an der Tabell, iwwerdeems Leverkusen ëmmer méi déif ënnen an den Tabellekeller rutscht.

An der Ligue 1 hat den SCO Angers Olympique Marseille op Besuch. Hei ass et um Enn eng kloer 0:3 Defaite fir Angers.

An der spuenescher La Liga

An der portugisescher Primeira Liga huet sech Sporting Lissabon kloer géint mat 3:1 géint  Gil Vicente behaapt. Méi spéit um Owend war nach de Match tëscht dem FC Porto a Sporting Braga.

An der Belsch hunn de Standard vu Léck a Seraing géintenee gespillt, de Veräi vum Lëtzebuerger Timothy Martin. Dee souz awer bei Seraing just op der Ersatzbänk, konnt sech do awer iwwert 3 Punkte fir säi Veräin feelen. Seraing wënnt auswäerts mat 2:0 géint Léck.