Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bundesliga: Derby-Victoire fir Union Berlin, Mainz klappt Bochum mat 5:2

E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga d'Suite vum 18. Spilldag. Den Optakt hat e Freideg Leipzig mat enger 2:1-Victoire géint Stuttgart gemaach.

Am Berliner Derby huet Union op friemem Terrain mat géint Hertha gewonnen a sech domat op déi zweet Tabelleplaz gesat. No enger ëmkämpfter Ufanksphas hu béid Ekippe laang gebraucht fir iwwerhaapt de Wee a Richtung Gol ze fannen. Mat der éischter richteger Chance vum Match konnt den Doekhi d'Gäscht mat 1:0 a Féierung bréngen. No der Paus hunn d'Unioner da mat engem staark ausgespillte Konter op 2:0 erhéicht an der geschwächter Hertha domat d'Loft erausgeholl. D'Féierung konnt duerno sécher iwwert Zäit bruecht ginn a fir Hertha gëtt et domat am Tabellekeller ëmmer méi enk.

Am Match géint de VfL Bochum huet sech Mainz da mat engem staarken Optrëtt kloer mat duerchgesat. 40 Sekonnen nom Ustouss louch de Ball duerch de Lee eng éischte Kéier am Gol. Och am weidere Spillverlaf hu sech d'Mainzer Haushäre mam Leandro Barreiro an der Starteelef net vill huele gelooss. Si hunn de Match dominéiert a sou stoung et no de Goler vum Widmer an Onisiwo zur Paus 3:0. Och nom Säitewiessel war Mainz déi besser Ekipp a mam Gol zum 4:0 an der 57. Minutt war de Match da scho sou gutt wéi entscheet. De Barreiro hat hei de Ball am Mëttelfeld gewonnen a mat Iwwersiicht fir den Onisiwo virgeluecht. Bochum hat awer nach net genuch a konnt d'Partie da mat zwee Goler bannent zwou Minutten awer nach eng Kéier spannend maachen. D'Haushäre hu sech vun deem Réckschlag awer och net ze vill treffe gelooss a konnten d'Féierung mat engem weidere Gol vum Onisiwo sécher iwwert d'Zillinn bréngen.

Fir Werder Bremen gouf et virun den eegene Spectateuren eng -Victoire géint de VfL Wolfsburg. D'Lokalekipp war géint déi formstaark Wolfsburger besser an der Partie a konnt an der 24. Minutt duerch en ëmstriddenen Eelefmeter a Féierung goen. D'Gäscht hunn och am zweeten Duerchgang ni richteg an de Match fonnt, wat déi Bremer fir sech genotzt hunn. 13 Minutte viru Schluss huet de Füllkrug mat sengem zweete Gol vum Dag de Match entscheet an déi dräi Punkte geséchert. E Last-Minute-Gol vum Paredes zum 1:2 aus Wolfsburger Siicht konnt hei näischt méi bewierken.

An der Partie géint den FC Augsburg huet sech den SC Freiburg da mat engem -Succès déi dräi Punkte geséchert. Nom 1:0 duerch de Gregoritsch war et de Berisha an der 29. Minutt, deen op 1:1 ausgläiche konnt. Dobäi sollt et awer net laang bleiwen, wéi nëmmen eng Minutt drop den Höler den 2:1 markéiere konnt. Augsburg huet sech engagéiert gewisen a probéiert den Ausgläich eng zweete Kéier ze schéissen, dat ass awer bis zum Enn vun der Partie net gelongen Kuerz viru Schluss huet de Lienhart mam Gol zum 3:1 den Deckel drop gemaach.

Fir Hoffenheim gouf et mat enger -Defaite géint Gladbach näischt ze huelen. E formstaarken Hofmann hat an der éischter Hallschent direkt zwee Mol getraff. De Bebou konnt an der 80. Minutte zwar nach ee Mol op 1:2 verkierzen, mat de Goler vum Stindl 180 Sekonne méi spéit a vum Wolf an der Nospillzäit war d'Partie dann awer entscheet.

E Samschdeg den Owend kënnt et um 18.30 Auer dann nach zu der Partie tëscht Bayern München an Eintracht Frankfurt.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell