Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bundesliga: Union Berlin provisoreschen Tabellenéischten

D'Ekipp vu Köpenick setzt sech mat 2:1 géint Mainz duerch. Dortmund iwwerrennt Freiburg mat 5:1 a Bochum schéckt Hoffenheim mat enger 2:5-Néierlag heem.

Bayern München huet bis e Sonndeg d'Tabellespëtzt un Union Berlin verluer. Den FCB ka mat enger Victoire zu Wolfsburg erëm op Plaz 1 sprangen. Um Sonndeg spillt och nach Stuttgart géint Bremen.

D'Statistike vun de Matcher

Tabellaresch gesinn, war et de Spëtzematch vum Weekend, d'Resultat war um Enn awer zimmlech kloer: Dortmund gewënnt mat géint Freiburg. D'Gäscht ware schonn no 17 Minutten an Ënnerzuel, wat den Dortmunder erlaabt huet, d'Iwwerhand ze kréien. Den éischte Gol sollt duerch den Nico Schlotterbeck, deen Ufank der Saison vu Freiburg bei de BVB gewiesselt war, falen. Mat deem éischte geféierleche Schoss op de Gol konnt Freiburg nach virun der Paus ausgläichen. Mat zwee Goler bannent dräi Minutte sollt Dortmund de Match zu senge Gonschten dréinen a bis zum Enn nach zwee Goler noleeën. Kuerz virum Match gouf och de Freiburger Trainer mat Rout vum Terrain gesat. Fir Dortmund war et déi véiert Victoire hannerteneen.

Köln a Leipzig trenne sech , mee et war e Gläichspill vun der besserer Zort. Déi éischt Hallschent goung et héich hier am RheinEnergie-Stadion. Fir d'éischt war et u Leipzig, fir sech gutt Golchancen erauszespillen, zum Enn vun den éischte 45 Minutten haten d'Kölner déi besser Méiglechkeeten. Direkt no der Paus krut Leipzig e Gol wéinst Abseits duerch de VAR oferkannt. Duerno huet Köln de Match an d'Hand geholl, gouf awer net wierklech geféierlech. Och Leipzig konnt sech keng zwéngend Golchancë méi erausspillen.

Union Berlin setzt sech mat géint Mainz duerch an ass domat provisoreschen Tabellenéischten. D'Heemekipp hat am Ufank e puer gutt Chancen an huet Mainz net groussaarteg an de Match komme gelooss. Verdéngtermoosse sinn d'Berliner no enger gudder hallwer Stonn a Féierung gaangen. An der zweeter Hallschent huet Union de Match verwalt, bis Mainz en Handeelefmeter zougesprach krut a verwandele konnt. Sechs Minutte viru Schluss konnt Berlin den decisiven 2:1 schéissen.

Frankfurt gewënnt kloer mat géint Hertha Berlin. D'Eintracht krut no 20 Minutten en Eelefmeter zougesprach, deen de Kolo Muani verwandelt huet. Kuerz drop war et nees de Fransous, deen op 2:0 erhéije konnt. Frankfurt huet och duerno de Match kloer geréiert a Berlin net an de Match komme gelooss. Nom Säitewiessel sollt sech Berlin zwar déi eng oder aner Golchance erausspillen, et koum awer näischt Konkreetes dobäi eraus. Frankfurt huet weider de Match gemaach an an der Nospillzäit nach den drëtte Gol markéiert.

Bochum schéckt Hoffenheim mat nees heem. Mat dräi Goler bannent 20 Minutten huet Bochum de Grondstee fir déi éischt Victoire no zwou Néierlage geluecht; dräimol koum den Assist vum Antwi-Adjei. Hoffenheim hat an der éischter Hallschent keng eenzeg Golchance ze verzeechnen. Direkt nom Säitewiessel koum bei der TSG awer nach eng Kéier Hoffnung op, wéi de Baumgarnter no 49 Minutte verkierze konnt, mee Bochum sollt sech de Match net méi huele loossen an huet nach zwee Goler nogeluecht.

Am Owesmatch kritt Gladbach ab 18.30 Auer Besuch vum Tabelleleschte Schalke.

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell