Déi Zuele liwwert de Mobilitéitsminister Bausch de Piraten.
Déi meeschte Verspéidungen um Reseau gouf et op der Linn 90, déi de Grand-Duché a Frankräich matenee verbënnt. Am Mount September koumen hei gutt 15% vun den Zich net mat Zäiten.
Der europäescher Definitioun no schwätzt een iwwregens vun engem Retard, wann den Zuch méi wéi 6 Minutten ze spéit kënnt.
Iwwer déi maximal Dauer vu Retarde gëtt keng Statistik gefouert.
Knapp 2% vun de programméierten Zich sinn an den éischten 10 Méint vum Joer ausgefall.
Bei den Ursaache spillen extern Grënn sou wéi eng Net-Disponibilitéit vum Rullmaterial a vun den Eisebunns-Installatiounen eng grouss Roll.
Den Deputéierte Marc Goergen hat sech via parlamentaresch Fro beim Minister renseignéiert.