Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Burkina Faso: Attack op franséisch Ambassade

D'Militär hat e Freideg nees geputscht an de President ofgesat.

Am Burkina Faso hunn Demonstranten déi franséisch Ambassade ugegraff. D'Militär hat e Freideg op en Neits geputscht an den neie Leader hat Frankräich beschëllegt, de gestierzte President opgeholl ze hunn. Den Hexagone dementéiert dat a weist och all Bedeelegung um Putsch zréck.

E Sonndeg de Moie gouf mat Tréinegas aus der Ambassade an der Haaptstad Ouagadougou geschoss, fir d'Manifestanten auserneen ze dreiwen, déi den autoproklaméierte Putschist ënnerstëtzen. Eng Dose Leit hate sech virun der Ambassade versammelt. Si hu Barrièren a Brand gestach a mat Steng an d'Gebai gehäit.

Am Burkina Faso war réischt virun 8 Méint geputscht ginn.