Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Business Strategie 2030 presentéiert: De Business Tourismus zu Lëtzebuerg soll weider gefërdert ginn

Mat Hëllef vun enger neier Strategie vum Tourismusministère soll de Secteur weider ausgebaut a gestäerkt ginn.

2 Joer laang gouf un der Business Strategie 2030 geschafft, déi um Donneschdeg an der Philharmonie presentéiert gouf.

Strategie Business Events 2030 - Reportage Claudia Kollwelter

De Business Tourismus hätt sech iwwert déi lescht Joer sécherlech geännert huet de Lex Delles zouginn. Ma Business Events géifen dem Tourismusminister no awer och nach post-Covid Leit beienee brénge – wann an tëscht vläicht och méi an hybride Formen. Et wier op alle Fall e Secteur dee Wirtschaftswuesstem generéiert, an dat a ville Beräicher: "Kongresszenteren, Venuen, Eventagencen, Transportentreprisen, Kommunikatiounsentreprisen, Catering-Servicer…"

Mee och zum Beispill lokal Butteker géife vum Business Tourist profitéieren, well dëse méi ausgëtt, wéi een dee just Vakanz hei am Land mécht.

Am Schnëtt sinn dat Ausgabe vu ronn 600 Euro pro Dag pro internationale Gaascht, deen op Lëtzebuerg kënnt.

E puer Haaptachse goufen an der Strategie definéiert, dorënner d’Organisatioun, den Developpement mee och d’Moossen. Dofir soll en Observatoire fir de Business-Tourismus en Place gesat ginn.

RTL

"Fir quantitativ a qualitativ Indicateure kënne matzehuelen. International Megatrends an Entwécklungen zu Lëtzebuerg wëlle mer sou kontinuéierlech suivéieren an dofir ass et wichteg datt eis Strategie net statesch ass mee ëmmer erëm nei iwwerluecht gëtt an evaluéiert."

75% vun de Business Evenementer sinn aktuell an der Stad Lëtzebuerg. Ma och déi aner Regioune vum Land solle méi agebonne ginn. Dofir soll e Recensement gemaach gi vun der regionaler Offer :

"Ech denken do un d’Infrastrukturen oder d’Regiounen-spezifesch Atouten déi mer zu Lëtzebuerg hunn."

Leit, déi fir e Kongress oder eng Konferenz an d’Land kéimen, géifen nämlech ëmmer déi dacks hiren Openthalt verlängeren oder och spéider an hirer Fräizäit zréck kommen, huet de Lex Delles nach erkläert.