Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Campagne "Wanterzäit 2022": 26 Infraktioune bei Verkéierskontroll festgestallt

RTL

Am Kader vun der Campagne "Wanterzäit 2022" hat d'Police eng gréisser Verkéierskontroll am Eesberwee zu Housen gemaach.

De Fokus vun de Kontrolle louch virun allem um techneschen Zoustand vun de Gefierer. Insgesamt haten d'Poliziste 26 Infraktioune géint de Code de la Route festgestallt.

Ënner anerem krute 6 Chaufferen e Protokoll vun 145 Euro, well si den Handy iwwert dem Fuere benotzt haten. Bei 3 Gefierer waren d'Luuchten net an der Rei an 8 Chauffere konnte kee valabele Zertifikat vum Contrôle Technque virweisen. Weiderhi war ee Gefier net richteg verséchert a 5 Chaufferen hate keng valabel Steiervignette bei sech.