Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cattenom: En Aarbechter war enger radioaktiver Kontaminatioun ausgesat

Wéi de franséische Bedreiwer EDF-CNPE vum Atomkraaftwierk Cattenom matdeelt, gouf et den 2. Februar 2023 en Tëschefall.

Geschitt ass dat Ganzt an de Raimlechkeete vun der Produktiounsunitéit 3, déi aktuell wéinst Maintenance-Aarbechten net um Netz ass.

Bei der Kontroll an der Sortie vun der nuklearer Zon gouf festgestallt, dass op dem Bak vun engem Mataarbechter eng Kontaminatioun geschitt war. De radioaktive Partikel gouf direkt ofgebotzt. Op Basis vu Berechnungen, wéi laang hie mat där Kontaminatioun belaascht war gouf festgestallt, dass dës liicht iwwert der reglementéierter Limitt läit.

No engem medezineschen Check gouf et awer Entwarnung. Well den nukleare Partikel extrem kleng war an och net laang op senger Haut, hätt dëst keen Afloss op d'Gesondheet vum Mataarbechter, heescht et am Rapport.

Déi kommend Méint wäert hien awer virsiichtshallwer medezinesch suivéiert a behandelt ginn.

Nodeems déi Kontaminatioun festgestallt gouf, ass de Beräich an der Unitéit 3 direkt ofgerigelt ginn an et goufe weider Kontrolle gemaach. Keng weider Persoune ware kontaminéiert.