Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Centre Hospitalier du Nord: 4 nei Kardiologen zanter Dezember am Ettelbrécker Spidol

Schonn am Dezember wier ee Kardiolog no der Annonce, datt 6 vu 7 Häerzdokteren d'Klinik verloosse géingen, am Ettelbrécker Spidol bäikomm.

Véier nei Kardiologe konnt d'Ettelbrécker Spidol, den CHdN, zanter Dezember fir sech verflichten. D'Opreegung war jo grouss, wéi am Hierscht erauskoum, datt 6 vu 7 Häerzdokteren d’Klinik verloosse géifen. Am Dezember scho wier ee Kardiolog bäikomm, deen als Koordinator ernannt gouf, fir en neie Grupp opzestellen, erkläert den Dr Jean-Marc Cloos, medezineschen Direkter vum Ettellbrécker Spidol um RTL Mikro. Dës Woch wier den Agrément mat 3 weidere Kardiologen ënnerschriwwe ginn.

Dr Jean-Marc Cloos zu neie Kardiologen / Reportage Raphaëlle Dickes

"Also fir eng continuité des soins mat 30 Garden de Mount, mengen ech, datt et gutt wier, fir e Minimum vu 4 Dokteren ze hunn. Dat hu mer jo elo. Da muss een awer elo mam Grupp kucken, ob déi 4 duerginn oder ob se dee Moment 5 oder 6 wëllen. Et sinn nach e puer Kandidaturen do, déi mer awer bis elo net consideréiert hunn. Dat heescht, wann de Grupp duerno awer seet, mir wëllen zu 5, 6 oder 7 sinn, dat decidéiere si mat."

Detailer ginn et den Owend am RTL Journal op der Tëlee.