Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CFL: Aarbechten am Tunnel Schiebourg méi komplizéiert wéi am Ufank geduecht

Well fir Zweet an enger Woch huet d'CFL op eng Pressekonferenz geruff, dës Kéier fir am Detail d'Aarbechten am Tunnel Schiebourg ze presentéieren.

Et géing een d'Suerg vun de Leit verstoen, déi betraff sinn, ma am Moment wier et net anescht méiglech. Den Trajet am Bus géif nu emol méi laang daueren wéi am Zuch.

PDF Schreiwes CFL

Wéini elo den Tunnel géing opgoen, wollt een um Donneschdeg nach net soen. Dat géif een am Laf vun nächster Woch schrëftlech matdeelen. D'Aarbechten am Tunnel wiere méi komplizéiert ewéi am Ufank geduecht, well deen instabillen Deel iwwert dem Tunnel däitlech méi grouss wier, wéi een am Ufank gemengt hat. Amplaz 11 Foragen, wier een elo well bei 59. An déi Foragë gëtt Bëtong gesprëtzt.

Och par Rapport zu der gerutschter Fielswand zu Bierden géif een nächst Woch kommunikéieren.

RTL

© Luc Rollmann