Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CFL deele mat: Keng Zich tëscht Diddenuewen a Lëtzebuerg

Well Manifestanten den Accès op d'Stellwierk zu Diddenuewen blockéieren, kënnen aktuell keng Zich fueren, dëst a béid Richtungen.

Et wéisst een net, wéi laang dës Stéierung géif daueren, heescht et am Schreiwes vun den CFL.

Et ass vun dohier den Opruff un d'Leit, sech um Internetsite vun den CFL, grad ewéi iwwert d'App CFL mobile z'informéieren, wéini nees en Zuch fiert, respektiv wéi eng Alternativen et ginn.

#CFLINFOS90 Grève SNCF : Circulation bloquée sur le tronçon entre Thionville et Luxembourg. Alternative bus de ligne.
Suite à des manifestations qui empêchent l'accès au poste d'aiguillage à Thionville, la circulation des trains est interrompue entre ... https://t.co/RKldVjRsSw

— CFLinfos (@CFLinfos) March 24, 2023