Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CFL deele mat: Tunnel Schieburg wäert no der Ouschtervakanz nees opgoen

RTL

© RTL (Archiv)

Bei den Aarbechten am Tunnel Schieburg léich een am Zäitplang. Dat mellen d'CFL um Méindeg de Mueren an erkläre wat scho gemaach gouf.

Sou wier ënnert anerem den Accès, fir Material a Maschinne op d'Plaz ze kréien, realiséiert ginn. D'Analysen iwwert d'Stabilitéit vun de Fielse goufe finaliséiert an och d'Stabiliséierungsaarbechten hätten ugefaangen. Hei goufen ënnert anerem  Buerungen vu bis zu 75 Meter gemaach fir Betong afléissen ze loossen.

D'Zuchstreck soll no der Ouschtervakanz nees opgoen. Soulaang funktionéieren och weiderhin Ersatzbusser.

Detailer dozou ginn et um mobiliteit.lu oder um Internetsite vun den CFL.