Well Manifestanten den Accès op d'Stellwierk zu Diddenuewen blockéieren, kënnen aktuell keng Zich fueren, dëst a béid Richtungen.
D'CFL ginn dovunner aus, dass et nach bis Mëtteg wäert daueren, bis den Trafic nees un d'Rulle kënnt. Et kann awer och duerno nach zu Retarden a Suppressioune kommen, heescht et weider.
Et ass vun dohier den Opruff un d'Leit, sech um Internetsite vun den CFL, grad ewéi iwwert d'App CFL mobile z'informéieren, wéini nees en Zuch fiert, respektiv wéi eng Alternativen et ginn.
#CFLINFOS90 Grève SNCF : Circulation bloquée sur le tronçon entre Thionville et Luxembourg. Alternative bus de ligne.
— CFLinfos (@CFLinfos) March 24, 2023
Suite à des manifestations qui empêchent l'accès au poste d'aiguillage à Thionville, la circulation des trains est interrompue entre ... https://t.co/RKldVjRsSw